7.11.2019 De Serge Tonnar lieft a senger kënschtlecher Kënschtlerwelt
De Serge Tonnar lieft a senger kënschtlecher Kënschtlerwelt:
Nee, et konnt een nach ni esou WÉINEG lëtzebuergesch schwätzen wéi haut!
Mir ginn et gär zou, datt mir dem Serge Tonnar seng Musek gutt fannen, seng Texter deelweis grenzwäerteg, mee seng politesch Aussoen extrem, naiv an realitéitsfriem!
Hien widderhëlt nees de Mantra vu Gambia:
- Et gëtt esou vill Lëtzebuergesch geschwat wei nach ni,
- d'Asylantenzuelen sinn minimal,
- an et ass genial, datt d'Lëtzebuerger just nach 50% vun der Bevëlkerung ausmaachen.
("Noch nie wurde so viel Luxemburgisch gesprochen", "Heemecht ist kein Ort, sondern ein Gefühl", "Es gibt hierzulande ja praktisch keine „Zuwanderung“", "Und trotzdem riskieren wir bald jemanden wie Fred Keup in der Abgeordnetenkammer zu haben ... Das ist für mich ein Alarmzeichen, bei dem ich mich frage, ob es nicht an der Zeit wäre, sich politisch zu engagieren, um solchen Menschen „de Bass halen ze goen“" S.Tonnar am Wort 6.11.2019)
Léiwe Serge, a wat fir enger Welt liefs du? Maach deng Aen an Oueren op!
De Serge Tonnar kënnt einfach net driwwer ewech dass 80 % him net gefollegt hunn, an säin Experiment vum Auslännerwahlrecht net wollten. Hien hat sech dach esou dofir agesat beim Referendum 2015.
Heemecht ass och eng Plaz mat ville Gemeinsamkeeten: wéi eis Sprooch, eis Geschicht, eise Schoulparcours.
Hal op géint aner Leit ze hetzen déi en anert Konzept vun Heemecht hunn!