Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

25.6.2019 D'Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

(comments: 0)

Pressecommuniqué 25.6.2019

D'Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar op der Bühn op der Theaterplaz opgetrueden, an huet a senge Lidder géint Lëtzebuerg, géint déi groussherzoglech Famill, wéi och géint politesch Meenunge gehetzt.

"Féck Lëtzebuerg"
"Féck den Haff"
"Féck ADR" asw.

En Affront géint eis Natioun, géint eist Land,
géint all seng Awunner, déi dat Land gär hunn,
géint eis groussherzoglech Famill, an dat kuerz nom Doud vum Groussherzog Jean,
ganz besonnesch géint déi Leit, déi sech fir dëst Land agesat hunn a mam Liewe bezuelt hunn, a géint hir Familljen,
géint all déi feierlech Rieden, déi op Nationalfeierdag iwwerall am Land gehaal gi sinn, a wou op Matenee gepocht ginn ass, a géint eis politesch Debattekultur.

Leit déi et live héieren hunn, ware schockéiert!

D'Gemeng Lëtzebuerg ass als Organisateur och verantwortlech fir dat wat op hire Concerte gebuede gëtt, an dat heiten ass hei näischt aneschtes wéi Hetz. Um Internet hätt een, wann ee gesicht hätt, am Virfeld vill Informatioune iwwer Lidder fonnt, an deenen den Här Tun Tonnar géint Lëtzebuerg a géint déi groussherzoglech Famill hetzt. Ausserdeem leeft nach e Prozess vum Parquet géint den Här Tun Tonnar wéinst Beleidegung.

Dofir ass et net ze entschëllegen, datt et zu esou eppes konnt kommen, a mir froen eis dowéinst wien de politesch Verantwortleche vun där Organisatioun an der Gemeng Lëtzebuerg ass.

Den Optrëtt gehéiert iwwregens zur 'stayfou tour 2019', wou den Här Tun Tonnar matmécht. Weider Optrëtter sinn am Summer an de Gemenge Péiteng, Miersch, Mamer, Klierf a Rued-Syr geplangt. Wuel och op Käschte vun de Steierzueler.

Read more …

21.6.2019 RTL MAACHT W.E.G. E FAIREN DEBAT!

(comments: 0)

RTL MAACHT W.E.G. E FAIREN DEBAT!

Muer RTL Background um Radio.

Mir si fir en ausgeglachenen Debat, wou och déi 80% vum Nee vertruede sinn.

3 vun 4 Invitée si politesch Aktivisten, déi 2015 Propaganda fir d'Auslännerwalrecht gemaach hunn. Si sinn wäit ewech vun der politescher Mëtt. Et sinn dat d'Asti-Ënnerstëtzer Fehlen a Pauly, an den Athanase Popov vun der Asti.

SI WÄERTE SOEN:

Datt et keng Lëtzebuerger Identitéit gëtt an eigentlech nach ni ginn ass.

Datt d'Zukunft schéi 'multikulti' ass, ouni ze definéiere wat 'multikulti' iwwerhaapt ass.

Datt de Groussherzog keng Roll méi spillt. An d'Kierch och net.

Datt d'CSV sech mol endlech och moderniséiere misst.

Datt de Referendum e Feeler war, net gutt preparéiert war, an datt d'Auslännerwalrecht komme muss.

Datt zu der Lëtzebuerger Natioun all 620.000 Awunner gehéieren, egal wéi eng Nationalitéit si hunn.

Datt nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat ginn ass wéi haut.

Schlussendlech, datt béis Populisten um Stammdësch an um Internet ze domm sinn, fir dat anzegesinn, an ze bornéiert sinn, fir dat flott ze fannen.

 

De Journalist wäert hinnen an all deem Recht ginn.

 

 

SI WÄERTEN NET SOEN:

Datt et am Ganzen 370.000 Lëtzebuerger ginn.

Datt dovun 50.000 am Ausland wunnen a mol kee passiivt Wahlrecht hunn!!

Datt viru 70 Joer hei am Land bal nëmmen Lëtzebuergesch geschwat ginn ass.

Datt Lëtzebuergesch ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt gëtt.

Read more …

31.5.2019 Dat ass d’Realitéit: Ëmmer manner Lëtzebuergesch op der Aarbecht.

(comments: 0)

31.5.2019 Dat ass d’Realitéit: Ëmmer manner Lëtzebuergesch op der Aarbecht.

Et gëtt jo ëmmer vun der Regierung, vun de Fuerscher a vun de Journaliste behaapt, et géif eiser Sprooch esou gutt goe wéi nach ni, an et wier nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat gi wéi haut.
Hei ass d’Realitéit op der Arbecht:
Ëmmer manner Lëtzebuergesch.

Dës Statistik vum Statec betrëfft just d'Awunner, also keng Frontalieren!

Mir setzen eis zënter dem Referendum 2015, fir eis Sprooch, fir eng equilibréiert Méisproochegkeet, a fir e méi luese Wuesstem an.

Wann dir eis ënnerstëtze wëllt: http://wee2050.lu/index.php/spenden.html

Quellen:
https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/regards/2019/PDF-09-2019.pdf
https://statistiques.public.lu/catalogue-publications/regards/2016/PDF-11-2016.pdf

Read more …

13.5.2019 LSAP Europadeputéiert géint Lëtzebuergesch als EU-Sprooch!

(comments: 0)

---Ass dat d'Politik vun der LSAP?---

D'LSAP-Europadeputéiert ass géint Lëtzebuergesch als EU-Sprooch! 

Mir fuerderen, dass sech déi 6 Lëtzebuergesch Europadeputéiert, déi den 26. Mee vun eis gewielt ginn, fir eis Sprooch asetzen!
Wann si et net maachen, ween dann?

D'Mady Delvaux fënnt net, dass Lëtzebuergesch EU-Sprooch soll ginn. Domat wär Lëtzebuergesch weder eng offiziell Sproch nach eng Minoritéitesprooch.

Mir erënneren drun, dass de Franz Fayot an de Ben Fayot vun der LSAP sech och negativ geäussert hunn.

Hei den RTL-Artikel:
http://www.rtl.lu/international/europa/1125255.html

De Wee2050 setzt sech weider fir d’Sprooch an: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …