Déi neisten Ëmfro weist dass eng Majoritéit fir de NEE ass.
Mä Ëmfroen sinn Ëmfroen. Mir leeën eis natierlech net zeréck.
Mir mussen weider maachen wei bis elo. Mir kämpfen fir all Stëmm!
Mä déi Ëmfro weist eis wat vill Leit eis och soen, si wëllen et net. An si weist dass mir déi politesch Mëtt sinn.
E groussen Merci un Är Ënnerstëtzung!
Schwätzt matt Ären Leit.
Bestellt Pechbiller an Flyer per mail (kontakt@nee2015.lu)
Wann dir eis wëllt mat engem Don ënnerstëtzen: Konto: LU42 1111 7036 5416 0000 ccp Numm: NEE ZUM AUSLANNERWAHLRECHT Ären Numm gëtt selbstverständlech net verëffentlecht. Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung.
Kommt haut, um 19:30, op Iechternach an de Festsall vun der Primärschoul. Mir wäerten während 15 Minutten de Standpunkt vum Nee zum Auslännerwahlrecht vertrieden.
Duerno ass nach Débat wou d'Leit aus dem Publikum kënnen Froen stellen.
Grousse Merci un d'MEC asbl an d'Gemengen Consdorf, Echternach, Heffingen an Rosport fir d'Invitatioun.
Mir fuerderen d’Deputéiert op, sech fir eng gemeinsam Motioun anzesetzen: Fir en fairen, equilibréierten Débat wou de Jo an de Nee déi selwecht Zäit, respektiv de selwechten Poids kréien. Dat ganz besonnesch dann, wann et op ëffentlechen Platzen stattfënnt.
Schreift ären Députéierten, si sinn fir iech do! Sot hinnen an engen frëndlechen Toun Är Meenung.
Dëst ass sécher och am Sënn fir erëm Vertrauen an d’Politik opzebauen.
"D'Nationalsprooch wier einfach wichteg fir d'Integratioun."
Fir eis ass et wichteg dass déi auslännesch Matbierger, déi en Wahlrecht sollen kréien och an der Pflicht stinn fir déi duebel Nationalitéit unzehuelen an sou ze weisen dass se Lëtzebuergesch verstinn an schwätzen.
D'Auslännerwahlrecht ass mol nach nët gestëmmt an schonn gëtt och dat passiivt Wahlrecht gefuerdert.
Also dass auslännesch Kandidaten och kënnen gewielt ginn an Députéiert kënnen ginn.
Dofir: - Loosst Iech net täuschen! D'Regierungsparteien hunn d'Konditiounen an der Referendumsfor temporär méi schwéier gemaach well se Angscht haten si géifen de Referendum verléieren. Dat ass awer alles just en éischten Schrëtt.