D’Parlament vum Conseil d’Europe seet an enger Resolutioun dass d’Wahlrecht soll un d’Nationalitéit gekoppelt sinn:
Résolution 1459 : « 6. Compte tenu du conflit de loyauté possible entre le pays dont une personne est citoyenne et son pays de résidence, le droit de vote et d’éligibilité aux élections nationales (parlementaires ou présidentielles) devrait généralement être SUBORDONNÉE À LA NATIONALITÉ. Les personnes dotées de plusieurs nationalités devraient avoir le droit de choisir librement le pays dans lequel elles souhaitent exercer leur droit de vote. »
An engem Interview am Le Quotidien (vum 11.5.) schwätzt hien vun engem graven Demokratiedefizit "aucun autre pays n'a un tel déficit démocratique" an "Mais pour Xavier Bettel, il en va de la modernisation d'un pays qui en a bien besoin s'il ne veut pas être comparé à Dubai sur le plan démocratique."
Lëtzebuerg huet säit laangem eng Virbildfonktioun als en demokratescht Land wou schonn 1919 d'Fraen an déi einfach Aarbechter d'Wahlrecht kritt hunn. Mir wëllen de Premier drun erënneren dass Lëtzebuerg och ouni Auslännerwahlrecht a mat weiderer Immigratioun absolut net mat Dubai ze vergläichen ass. Am Demokratieindex vun der Zeitung "The Economist" ass Lëtzebuerg op der 11. Plaatz an d’Vereenegt Arabesch Emiraten (mat Dubai) op Platz 149 vun 167. Zu Dubai gëtt et keng Parteien, keng Oppositioun a keng Gewerkschaften, auslännesch Aarbechter déi 80% vun den Awunner ausmaachen, hunn keng Rechter an ginn deelweis ausgebeut wéi Sklaven.
Wann dir eis wëllt hëllefen oder Flyer an Pechbiller bestellen dann kontaktéiert eis per Mail (kontakt@nee2015.lu) oder dir wëllt de Nee mat engem Don ënnerstëtzen.
An der Table ronde waren den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler, de Justizminister Felix Braz, de Professer Luc Heuschling, Spezialist am Droit Constitutionnel, d'Danièle Igniti, Kulturschafend, de Fernand Kartheiser, ADR, de Claude Biver, jonke Politolog a Soziolog, de Sergio Ferreira, Spriecher vun der ASTI an vun NEE2015 de Fred Keup.