Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

18.1.2018 Virun genee 5 Joer ass d'Auslännerwahlrecht lancéiert ginn!

(comments: 0)

Wësst Dir nach wien d'Auslännerwahlrecht onbedéngt wollt an d'Propaganda lancéiert huet?

D'Auslänner selwer net! Déi hunn dat ni gefrot!

Virun genee 5 Joer hunn den Etienne Schneider an de Pierre Gramegna d'Propagandamaschinn fir d'Auslännerwahlrecht lancéiert.

D’Iddi vum Auslännerwahlrecht esou richteg lancéiert ginn am Januar 2013 an der Handelskummer (chambre de commerce). Deemolege Direkter: de Pierre Gramegna.

Den entscheedenden politeschen Drock kënnt weder vun de Lëtzebuerger nach vun den Auslänner selwer.

Den Raphaël Kies, Chercheur en science politique op der Uni Lëtzebuerg seet dann och op engem Colloque den 20. Mäerz 2015 an der Chamber:
« ce droit de vote qu’on veut donner aux étrangers est surtout une demande qui vient de l’élite politique»

An e freet dann iwwerspëtzt weider :
« on peut se demander si on a vraiment le besoin d’offrir un droit a une population qui ne le demande pas. »

1. Akt: 17.1.2013
Den deemolegen Minister aus der CSV-LSAP-Regierung Etienne Schneider an engem Interview am franséischen Wort den 17. Januar 2013:
https://www.wort.lu/fr/luxembourg/schneider-pour-le-droit-de-vote-pour-tous-50f6a783e4b0092f07fccc25

2. Akt:
Déi selwer ernannten “Décideuren“ sinn direkt fir d’Auslännerwahlrecht.
http://tab.news.paperjam.lu/news/vote-pour-tous-le-oui-des-decideurs

Den deemolegen Direkter Pierre Gramegna mat enger Konferenz an der Handelskammer den 29. Januar 2013:
http://www.cc.lu/actualites/detail/conference-chambre-de-commerce-chambre-des-metiers-et-lasti-1/

3. Akt:
D'Press an aner Akteuren hunn net op sech warden gelooss an sech der Campagne direkt uegschloss. Mä et gouf och schon kritesch Téin.

28.1.2013: De Paperjam stigmatiséiert schonn fréi all eventuell Géigner vun engem Auslännerwahlrecht ënnerschwelleg als Rassisten: " du refus du racisme et du droit de vote à accorder aux (nombreux) étrangers"
http://paperjam.lu/news/le-vote-de-tous-les-residents-en-table-ronde

29.1.2013 Den Charel Margue vun TNS Ilress bemierkt subtil: "Eine Hälfte der luxemburgischen Bevölkerung ist noch nicht von einem Wahlrecht für Ausländer überzeugt."
https://www.wort.lu/de/lokales/die-sprueche-der-vorigen-woche-510c3651e4b09090eb1b6a13

29.1.2013 RTL:LSAP, Déi Gréng an Déi Lénk si fir d'Auslännerwahlrecht, d'DP och mat Nuancen. CSV an ADR sinn dergéint.
http://www.rtl.lu/letzebuerg/386659.html

30.1.2013 D'Tageblatt: "Zwei Drittel der Einwohner sind dafür"
http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg-nachrichten/zwei-drittel-der-einwohner-sind-dafur-21785315/

30.1.2013 D‘Journal-Journalistin an DP-Politikerin Colette Mart fir d’Auslännerwahlrtecht
http://www.journal.lu/top-navigation/article/der-zugang-zur-gesellschaft/

1.1.2013 Face-à-face op RTL: Sam Tanson fir Auslännerwahlrecht. Serge Wilmes dergéint.
http://www.rtl.lu/letzebuerg/388921.html

31.1.2013 Op RTL ass de Journalist Frank Kuffer géint en Auslännerwahlrecht:
http://www.rtl.lu/meenung/radio-commentaire/388363.html

31.1.2013 De Laurent Mosar huet een REFERENDUM op RTL an d'Spill bruecht:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/387965.html

1.2.2013: D'Tageblatt ass direkt fir d'Auslännerwahlrecht:
http://www.tageblatt.lu/meinung/gut-zu-gesicht-14606980/

Read more …

12.1.2018 Pressecommuniqué: Déi politesch Mëtt ass kloer géint de 700.000-Awunnerstaat

12.1.2018 Pressecommuniqué: Déi politesch Mëtt ass kloer géint de 700.000-Awunnerstaat

Et gëtt vun der Politik vill vum Milliounestaat geschwat, mee schonn eleng de 700.000-Awunnerstaat ass fir d’Lëtzebuerger inakzeptabel.
Mir wëllen un eng ILRES Ëmfro, wou Folgendes eraus komm ass, erënneren: “Dépasser le seuil des 700.000 habitants est inacceptable pour les trois quarts de la population.”
De Message vun de Leit un d’Politik ass kristallkloer: Bremst de staarken onkontrolléierte Wuesstem!

de ganzen Pressecommuniqué hei:

Read more …

9.1.2017 Här Fernand Fehlen, Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels.

(comments: 0)

9.1.2017 Här Fernand Fehlen, Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels.

Ween huet dem Här Fehlen gesot en soll net méi diskutéieren?

Wëlle munch Leit a Politiker keng oppen Debatt?

Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels. Si sinn wichteg fir déi politesch Diskussioun.

Duerfir fuerdere mir de F. Fehlen an anerer op, sech den Argumenter a Perspektiven vu jidderengem ze stellen.
Vu que dass en sech esouvill Méi mécht seng Interpretatioun zur Sproochesituatioun ze kommunizéieren, huet en all Interêt drun sech aneren Interpretatiounen ze stellen an ze reflektéieren.

D'Sprooch läit de Lëtzebuerger um Häerz, dat huet d'Rekordzuel un Ënnerschrëfte bei der Petitioun N°698 gewisen.

D'Lëtzebuerger wëlle keng Vogel-Strauß-Politik wou d'Politik bei Problemer de Kapp an de Buedem stécht fir se net mussen ze gesinn.

An dofir wäert d'Sprooch och een Haaptthema sinn am Wahlkampf 2018.
N'en déplaise a certains!

P.S. De F. Fehlen mécht net nëmme Fuerschung mee politeschen Aktivismus: hie wëll "Le luxembourgeois est la langue du Luxembourg." änneren an: "Le français et le luxembourgeois sont les langues du Luxembourg." (an der neier Verfassung)

Read more …

6.1.2017 Schluss mam Kuddelmuddel! Lëtzebuergesch muss déi gemeinsam Integratiounssprooch sinn

(comments: 0)

Ganz ganz wichteg: Déi nei Regierung muss d'Gesetz ännere fir datt just nach Lëtzebuergesch an de Crèchen obligatoresch ass.

Aner Sproochen kann all Crèche da selwer wielen.

"Bessere, oder, anders ausgedrückt, identische Startchancen für jedermann in einem mehrsprachigen Umfeld bedeuten also nach der Meisch'schen Logik, dass künftig alle Kinder eine Tagesstätte besuchen müssen, ansonsten sie bei der Einführung des Französischen als Schulfach auf unterschiedlich gearteten sprachlichen Fundamenten aufbauen. Dass dies offenbar der Wille der Regierung unter Premier Bettel ist, dafür spricht die Finanzierung von 20 Betreuungsstunden pro Kind und Woche durch den Staat."
Luxemburger Wort vom Samstag, 6. Januar 2018, Seite 3
Leitartikel vum Claude Feyereisen

D'Ziler vum Wee2050:
Eist Zil 3.3.:
3.3. An de staatlech ënnerstëtzte Crèchen muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.
All eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

5.1.2018 Nee zum 700.000-Awunnerstaat

5.1.2018 Nee zum 700.000-Awunnerstaat

"Ein solcher Kollateralschaden ist das angeblich unabdingbare Zusteuern auf einen Staat mit 700.000 Einwohnern. Das aber will keiner- auch nicht der Autor dieses Buches, weil die Lebensqualität (und nicht der Lebensstandard) hierzulande nachhaltig gefährdet wird, wenn Luxemburg zu einem 700.000-Einwohnerstaat wird."

Aus dem Buch "Welche Zukunft für Luxemburg" vum Romain Kirt (ëm d'Joer 2002)

Read more …