12.10.2015 Mir gleewen deene Gréngen net wann se insistéieren, dass dat neit Nationalitéitegesetz näischt mam Referendum ze dinn huet.
Lëtzebuerger sinn an integréiert sinn heescht eben och d'Sprooch schwätzen!
D'Madame Loschetter huet verséchert dass déi Gréng net d'Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier wëllen aféieren. Mir gleewen hir, dem Minister Braz an deene Gréngen dat net, well d'Sproochekenntnisser an deem neie Projet staark erof gesat ginn oder net gefrot ginn. Madame Loschetter seet dass "Lëtzebuerger sinn an integréiert ze sinn ass méi, wéi eng Sprooch schwätzen. Et soll een och zivil Course suivéieren a Gebräicher, Traditioun an d'Geschicht vun onserem Land kennen"
"Méi wei d'Sprooch" ass richteg, mä eben och d'Sprooch. A genau dat maachen déi Gréng net.
Mir appeléieren un d'Parteibasis an déi pragmatesch Politiker vun der DP, der LSAP an der CSV déi extrem Positioun vun deenen Gréngen net einfach esou ze acceptéieren an de Wonsch vun villen vun hiren eegenen Wieler fir d'Sprooch ze respektéieren.
Et ginn aner Méiglechkeeten fir dass déi auslännesch Matbierger kënnen d'Nationalitéit unhuelen: D'Politik soll motivéieren an hëllefen fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren.
Mir wäerten och eng Géigepropose zum Projet vum Nationalitéitegesetz proposéieren.