4.11.2015 Pressecommuniqué zu den Diskussiounen iwwert d'Nationalitéitegesetz
Hei ass den Pressecomuniqué zu den Diskussiounen iwwert d'Nationalitéitegesetz:
Hei ass den Pressecomuniqué zu den Diskussiounen iwwert d'Nationalitéitegesetz:
hei fënnt een de Pressecommuniqué:
Hei ass de ganzen Interview:
http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/723027.html
Dofir: Nee zum neien Nationalitéitegesetz vum Minister Braz!
D'Konditiounen fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien sollen staark vereinfacht ginn: D'Sproochkenntnisser ginn entweder ofgeschaaft oder op esou en niddregen Niveau reduzéiert, dass eng Kommunikatioun op Lëtzebuergesch net méiglech ass.
Hei ass dat éischt Pechbild matt Ärem Sprooch, deen dir gewielt huet. Mell Iech fir Pechbiller an Flyer ze kréien an auszedeelen! (kontakt@nee2015.lu)
Mir brauchen Är Ënnerstëtzung!
Schreift Lieserbréiwer, zum Beispill fir an d'Wort (wort@wort.lu)
Sot den Politiker fein Är Meenung an weist hinnen dass dir net averstanen sidd, dass een kann Lëtzebuerger ginn ouni d'Sprooch ze verstoen.
Wann dir wëllt en Don maachen fir eis Aktioun ze ënnerstëtzen: http://nee2015.lu/index.php/spenden.html
Den Minister Braz sot den 23. Juli op jeudi.lu: "Qu'il fallait donc revoir la loi sur la nationalité. Cela devient la seule voie possible. Et cela devient une priorité, notamment pour réduire le déficit de démocratie. Mon ambition est de voir augmenter le nombre d'électeurs."
Et geet dem Minister Braz also dorëm fir "d'Zuel vun de Wieler ze erhéijen."
Mir brauchen awer keen neit Nationalitéitegesetz. Säit der Aféierung vun der Duebeler Nationalitéit 2008 hunn bal 30.000 Auslänner déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl an d'Sproochekonditiounen erfëllt! Dat ass en grousse Succès an eng Bestätegung fir dat aktuellt Gesetz.
Et ginn aner Méiglechkeeten fir dass déi auslännesch Matbierger kënnen d'Nationalitéit unhuelen: D'Politik soll motivéieren an hëllefen fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren.
Dat geet iwwer méi an besser Sproochecoursen, eventuellen "congé linguistique", an eng méi grouss Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag.
Interview Braz: http://www.gouvernement.lu/5093205/23-braz-jeudi