30.5.2016 Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!
Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!
Hei eisen Pressecommuniqué
Et ass net richteg wann TNS-Ilres seet, dass de Niveau vum Sproochentest d'selwecht bleift!
Hei eisen Pressecommuniqué
Mir begréissen des Entscheedung!
D’Alphabetiséierung op Franséisch géif dozou féieren, dass d'Kanner am 1. Schouljoer getrennt géifen ginn. Dat wier fir dat sozialt Zesummeliewe falsch, well et zu Parallelgesellschaften géif féieren, wou déi vill Awunner dann niefteneen anstatt mateneen géifen liewen.
Mir sinn fir d'Inclusioun, Integratioun an Chancëgerechtegkeet an dofir soen mir:
- De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
- Den auslänneschen Matbierger solle mer éierlech soen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
Fir d’Integratioun a géint Parallelgesellschaften an sozial Ausgrenzung!
(Am Wort vum Samschden steet dass de Claude Meisch keng fakultativ franséisch Alphabetiséierung méi wëll. Dat wier zwar fréier vun der DP an d'Spill bruecht ginn, mee géif net méi an d'Konzept passen.)
Mir sichen positiv Beispiller
a) wou d'Lëtzebuergescht benotzt gëtt oder
b) déi méisproocheg sinn.
Post är Foto an de Kommentaren op eiser Facebooksäit.
https://www.facebook.com/nee2015.lu/
Hei ass d'Beispill vum Kleederbuttek jbc déi alles op lëtzebuergesch iwwersat hunn.
Mir vermëssen an der Ried eng kloer Zukunftsvisioun fir eist Land!
Den eelsten lëtzebuergeschen Text staamt aus dem 13. Jorhonnert.
Et ass den Codex Mariendalensis, an deem d'Liewen vum Yolanda vun Veianen beschriwwen gëtt.
Speziell ass, dass d'Buch net op Latäin verfaasst ass, mee op déi deemoleg Ëmgangssprooch hei an der Regioun: Lëtzebuergesch-Muselfränkesch. Et ass den Virleefer vum haitege Lëtzebuergesch.
Der älteste luxemburgische Text. Yolanda von Vianden:
https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/4325_195_Rapp.pdf