Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

11.3.2016 Neit Nationalitéitegesetz

(comments: 0)

Leider hu mir net déi detailléiert Propose well de Justizminister réischt de Méinden de kompletten Text am Detail virstellen wäert.

Mir kënnen dofir am Ament net serieux kommentéieren an wäerten dat dann réischt nom Méinden maachen kënnen.

Et schéint awer scho kloer ze sinn, dass de Niveau vum Sproochentest erof gesat soll ginn, obwuel eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger dat net wëllen. (Ëmfro vun TNS-Ilres).

Mir begréissen awer, dass verschidden Propositiounen vum Här Braz sengem éischten Text, net méi am aktuellen Text wäerten virkommen.

Read more …

16.2.2016 Pétitioun: Ëffentlech Informatiounen och op Lëtzebuergesch w.e.g.

(comments: 0)

16.2.2016 Pétitioun:  Ëffentlech Informatiounen och op Lëtzebuergesch w.e.g.

Mir ënnerstëtzen de Prinzip vun dëser Petitioun, déi hei um Site vun der Chamber ze fannen ass:

http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=622

Et gëtt domat kengem eppes ewech geholl.

D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger, si ass eis Nationalsprooch an eng vun den 3 administrativen Sproochen an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun.

Dëst kënnt och den auslänneschen Matbierger ze gutt well si et sou (a) besser erméiglecht kréien an (b) och motivéiert ginn d'Sprooch ze léieren. Dat kann just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héije Stellewäert kritt.

Et passt zu folgenden vun eisen Zieler:

- D'Lëtzebuerger Sprooch soll méi präsent sinn am Alldag.

- D'Lëtzebuerger Sprooch soll och präsent sinn op den Internetsäiten vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlder a Panneauen.

- D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn.

- D'Verfassung soll op Lëtzebuergesch sinn an all Gesetzer an EU-Richtlinnen sollen och op Däitsch oder Lëtzebuergesch existéieren.

- Datt een hei am Land liewen an schaffen kann matt Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen (All Formulairen vun den Administratiounen sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch)

- D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.

Read more …