Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

5.10.2016 Ee vun eisen Zieler schéint sech ze realiséieren: Lëtzebuergesch soll als EU-Sprooch unerkannt ginn

Mir begréissen d'Ausso vum Här Meisch fir Lëtzebuergesch als EU-Sprooch unerkennen ze loossen.

Doduerch kéint ee vun de Punkten, déi mer an eisen Zieler opzielen, realiséiert ginn.

Ziel 2.2.: "D'Lëtzebuerger Sprooch soll op EU Niveau unerkannt ginn."

All eis Zieler: http://nee2015.lu/index.php/wee-2050.html

Dëst wier en wichtegen symboleschen Schrëtt fir eist Land an eis Sprooch.

Mir wëllen awer och soen dass et ganz wichteg ass dass d'Lëtzebuerger Sprooch erëm méi präsent am Alldag gëtt, well nëmmen sou kënnen eis auslännesch Matbierger se och léieren.

Fir d'Lëtzebuerger Sprooch an fir d'Méisproochegkeet!

Read more …

12.9.2016 Ënnerstëtzt d'Petitioun fir eis Sprooch!

(comments: 0)

http://chd.lu/wps/portal/public/PetitionDetail?action=doPetitionDetail&id=771

Mir sinn ganz skeptesch wat Petitiounen ugeet, well nëmmen mat ganz groussem Effort kritt een déi 4.500 Stëmmen zesummen. (ausser et ass eng Petitioun iwwer Déieren well Leit vun alle politeschen Richtungen Déieren gären hunn ;)).

Mee mir wëllen och net dass d'Petitioun keng Stëmmen kritt an dann gesot gëtt: "Gesi der, keen interesséiert sech fir eis Sproch."

Read more …