30.10.2016 A firwat net déi Lëtzebuergesch Nimm fir d'Statiounen?
Den Tram kënnt gläich.
Nach sinn d'Nimm vun den Statiounen awer net all bekannt.
Dobäi kéint ee roueg déi lëtzebuergesch Nimm benotzen sou wéi et och um Busreseau am ganze Land gréisstendeels gemaach gëtt:
z.B Stäreplaz amplaz "place de l'étoile"
Paräisser Platz amplaz "place de Paris"
Rout Bréck amplaz "pont rouge" ...
Dat géif kengem wéi doen, et géif eis Sprooch méi visibel maachen am ëffentleche Raum, an méi einfach fir ze léieren.