25.11.2016 Méisproochegkeet: ADEM
E grousse Merci un d'ADEM fir hir nei méisproocheg (F/D) Websäit mat lëtzebuergeschem Begréissungstext.
Leider sinn nach ëmmer déi meescht vun de Websäite vum Staat, Gemengen an Administratiounen eesproocheg.
Nodeems Ufank des Jores Leit sech bei eis beschwéiert haten well villes exklusiv op franséisch war hu mer der ADEM en Bréif geschriwwen an hinnen proposéiert d'Internetsäit méisproocheg ze maachen an op mannst de Begréissungstext op Lëtzebuergesch ze schreiwen (wéinst der symbolescher Wierkung, dass een gesäit dass een zu Lëtzebuerg ass).
Si hunn eis positiv geäntwert an konfirméiert dass dat geplangt wier an mir sinn elo frou dass et och endlech an d'Realitéit emgesat gouf.