Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

25.9.2018 Dem Claude Meisch seng international Schoulen sinn GÉINT d’Integratioun!

(comments: 0)

"Déi international Schoulen als Integratiounsschoulen duerzestellen ass komplett falsch. Do ass Lëtzebuergesch als Alibi genotzt ginn, fir déi Schoulen ze verkafen a fir datt d'Leit se acceptéieren."

seet d'Shari Schenten, Presidentin vun der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren.

Mir hunn et schonn virun 3 Joer gesot:

"Ähnlech Problemer kommen lo beim Lycée vun Déifferdeng. Déi Kanner, déi zu Déifferdeng an den internationalen Lycée ginn mussen keen Däitsch léieren an och Lëtzebuergesch riskéiert éischter rudimentär geléiert ze ginn.

Doduerch gëtt de Kanner vun vireran d'Integratioun hei zu Lëtzebuerg verbaut:

- Si wäerten an enger Parallelgesellschaft opwuessen am Géigesaz zu deene Schüler déi am ëffentlechen Lëtzebuerger Schoulsystem sinn.
- Si wäerten et eventuell schwéier kréien fir eng Kéier déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.
- Si wäerten vun vireran eng ageschränkten Beruffswiel hunn ouni Accès op d'Fonction publique an Beruffer wéi z. B. Léierin oder Polizist, sou wéi och vill aner Plazen wou een hei zu Lëtzebuerg déi 3 administrativ Sproochen muss beherrschen.

Dat ass en System vun Exklusioun an hei gëtt, mëttelfristeg, eng Zwouklassegesellschaft geschaf an dat ganzt institutionaliséiert duerch d'Schoul.

Mir sinn fir d'Inclusioun, Integratioun an Chancëgerechtegkeet an dofir soen mir:

- De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
- Den auslänneschen Matbierger solle mer éierlech soen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
- Lëtzebuergesch an Däitsch sinn net manner wäert wéi franséisch a mussen genausou wéi franséisch an allen staatlech ënnerstëtzte Schoulen zu Lëtzebuerg geléiert ginn.
Fir d’Integratioun a géint Parallelgesellschaften an sozial Ausgrenzung!

Read more …

19.9.2018 Fuerdert d'ASTI indirekt d'Ofschafe vum Walrecht fir Lëtzebuerger déi am Grenzgebitt wunnen?

(comments: 0)

Fuerdert d'ASTI indirekt d'Ofschafe vum Walrecht fir Lëtzebuerger déi am Grenzgebitt wunnen?

Dat schreift d'ASTI an hirem Pressecommuniqué vum 18. September 2018:

"l’établissement d’un vrai suffrage universel en institutionnalisant le principe du droit de vote selon la résidence et non pas selon la nationalité."

a geet domat méi wäit wéi d'Propose vum Auslännerwalrecht iwwer déi 2015 am Referendum ofgestëmmt gouf, an déi vun iwwer 78% vun de Wahlberechtegte refuséiert gouf. Deemools ass e Walrecht dat zousätzlech zu der Nationalitéit och op der Residence baséiert, geplangt ginn.

Well d'ASTI, wéi schonns am Referendum 2015, keng europäesch Léisung plangt, géif déi reng national Propose dozou féireren, datt Lëtzebuerger déi wéinst de Wunnengspräisser gezwonge goufen am Grenzgebitt ze wunnen, a kengem Land op der Welt méi wielen dierften.

Schonns 2015 hu Kritiker vum AWR gewarnt datt dat schlussendlech déi logesch d'Konsequenz wier an a Länner wéi Neiséiland och esou praktizéiert gëtt.

http://www.asti.lu/fr/elections-legislatives-2018-la-course-au-meilleur-patriote-communique-de-lasti/

Read more …

10.9.2018 Fir eis Sprooch!

(comments: 0)

Et héiert een ëmmer manner Lëtzebuergesch dobäussen. D’Lëtzebuerger Sprooch verschwënnt lues a lues aus dem ëffentleche Raum, a gëtt virun allem duerch Franséisch ersat.

Dobäi ass Franséisch fir 90% vun den Awunner eng schwéier Friemsprooch an et ginn vill Leit, déi sech ganz schwéier dinn fir Friemsproochen ze léieren (z.B. Leit mat Behënnerung, Leit mat Sproocheproblemer, Leit mat Léierschwieregkeeten) oder se vergiessen (al Leit, dement Leit, Leit déi laang am Ausland gelieft hunn) oder se nach net geléiert hunn ( Kanner, Auslänner).

Fir d’Gambia-Regierung an d’CSV-Deputéiert ass eis Sprooch awer leider net wichteg. Nom Referendum hu si de Niveau vum Sproochentest fir d’Nationalitéit ze kréien nach weider erofgesat. An der Spillschoul huet Gambia wäertvoll Lëtzebuergesch-Stonnen ewechgeholl an duerch Franséisch ersat. De Minister Meisch ass esouguer sou wäit gaangen an hien huet d’Franséisch Sprooch zur „langue de survie" vu Lëtzebuerg deklaréiert.


Wat muss elo gemaach ginn?

- D’Wichtegkeet vum Lëtzebuergesch, als eenzeg Nationalsprooch vum Land, am Alldag ervirsträichen.

- D'Presenz vun der Lëtzebuerger Sprooch verstäerken, op den Internetsäiten vu Gemengen a vum Staat, op de Stroosseschëlter a Bréiwer a iwwerall am ëffentlechen Räum.

- Lëtzebuergesch unerkennen loossen als eng offiziell Sprooch vun der EU.

- De gemeinsamen Schoulsystem op Lëtzebuergesch als beschten Integratiounswee ervirsträichen.

- d’Immigranten dozou motivéieren fir als éischt Sprooch Lëtzebuergesch ze léieren, an hinnen erlaben zu Lëtzebuerg ze liewen (an ze iwwerliewen), ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen.

Dës Moossnahmen schueden kengem! Si stäerken d’Integratioun an hëllefen eiser. An dofir maachen mir dat!

Read more …