2.12.2020 Nimm op framséisch. FIRWAT??
Merci dem Fred Keup, fir säin phantasteschen Asaz fir eis Sprooch an datt hien nach eng weider parlamentaresch Fro iwwert eis Sprooch gestallt huet. D'Thema hei as den Numm vum neie Stadion.
Merci dem Fred Keup, fir säin phantasteschen Asaz fir eis Sprooch an datt hien nach eng weider parlamentaresch Fro iwwert eis Sprooch gestallt huet. D'Thema hei as den Numm vum neie Stadion.
Mir gratuléieren der Gemeng Nidderaanwen fir deen ellenste Wopen
#MirSchaafenEisOf
Léif Ënnerstëtzer vum Wee2050,
Op dësem 14. Oktober ass de Fred Keup an der Chamber als neien Deputéierte vun der ADR vereedegt ginn.
Dat Walresultat wat dozou geféiert huet hien haaptsächlech 2 Engagementer ze verdanken
1- Den Engagement am Referendum 2015
2- Den Engagement fir eis Sprooch
Dëst sinn awer net eleng seng Engagementer. Et sinn dat d’Engagementer vun eis alleguer, och vun iech léif Wee2050 Ënnerstëtzer, déi beim Referendum gehollef hunn an sech och fir d’Sprooch agesat hunn.
De Fred seet iech Merci:
“Ech wëll dofir haut deene ville Leit Merci soen, aus allen Parteien, déi eis beim Referendum als Nee2015, an duerno de Wee2050, ënnerstëtzt hunn.
Déi eis gehollef hunn op all méiglech Artaweisen: déi mat eis op Manifestatioune gaange sinn, déi Flyer geschriwwen oder verdeelt hunn, déi op Versammlunge komm sinn, déi eis Artikele gedeelt hunn, déi gelikt hunn.
Mir hunn a 5 Joer vill erreecht. Mir hunn de Referendum gewonnen, mir hunn Veräiner, Gemengen, Administratiounen, Firmaen, och a villen konkrete Fäll, dozou motivéiert eis Sprooch méi ze benotzen.
Mir hunn d’Regierung dozou bruecht en Plang fir d’Sprooch opzesetzen, en Kommissär fir d’Sprooch anzesetzen an en Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze grënnen.
Mir hunn et och fäerdeg bruecht en Bewosstsinn ze schafen dass mir eis alleguer, an och all Dag, fir eis Sprooch asetze mussen, eis Sprooch déi ëmmer méi aus dem ëffentleche Raum verschwënnt. Wann d’Lëtzebuerger wëllen da kënnen si dat nach verhënneren.
Mir hunn och den onkontrolléierte Wuesstem an d’Diskussioun bruecht, mir hunn domat en Tabu gebrach, well virdrun huet keen dat gliddegt Eisen ugepaakt. Mir mussen eis vum extreme Bevëlkerungswuesstem onofhängeg maachen. Mir brauche keen 1-Millioun-Awunnerstaat.
Léif Frënn, Kolleegen an Ënnerstëtzer, ech soen ech villmools Merci.
Ech verspriechen Iech: Ech wäert menge Wuerzelen och a menger neier Funktioun als Deputéierten trei bleiwen.
An mech weider engagéiere fir eis Wäerter a fir eis Ziler.
Bis geschwënn."
Och wann de Fred elo Deputéierten ass a Vertrieder vu senger Partei, der ADR, wäert hien sech fir eis Ziler asetzen, a mir vum Wee2050 wäerten och weider op Facebook aktiv sinn.