Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

27.10.2018 Dann schwätzen mir einfach iwwerall Lëtzebuergesch :)

(comments: 0)

"Et ass kee Problem wann Leit däitsch oder franséisch schwätzen, mee et ass en Problem wann si déi aner Leit forcéieren déi Sprooch ze schwätzen.
Also eng Kommunikatioun op engem berufflechen Niveau kann och tipptopp lafen wann déi eng Leit lëtzebuergesch schwätzen an déi aner Leit däitsch oder franséisch schwätzen, ënnert der Konditioun dass jiddereen jiddereen versteet."*
 
*Marc Barthelemy, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch
 
D'Léisung wier also: Jiddereen schwätzt déi Sprooch déi en wëll, däitsch, franséisch oder lëtzebuergesch an deen aneren muss et eben verstoen.
 
http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/1257912.html

Read more …

19.10.2018 Schluss mat der ruppeger Hetz an Diffamatioun géint ADR an Wee2050 an anerer!

(comments: 0)

Schluss mat der ruppeger Hetz an Diffamatioun géint ADR an Wee2050 an anerer!

Et geet endlech duer fir andauernd géint aner Leit ze hetzen an ze diffaméieren just well se eng aner politesch demokratesch Meenung hunn!!!

Ass et normal dass de Bauer Guy, Kandidat fir d'ADR, haut an villen medien als Rechtspopulist bezeechent gëtt?

Ass et normal, dass d'Revue 2 Deeg virun de Wahlen en 3-säitegen Artikel iwwer 'Rechtspopulisten und Rechtsextreme (!)', iwwert den Haass géint Judden, asw huet, an dat mat..... enger grousser Foto vum Fred Keup?

Ass dat normal dass Politiker wéi d'Corinne Cahen an de Sven Clement politesch Konkurrenten einfach sou an d'Géigend vun Nazien stellen an z.B. 'Wee1933' soen?

Ass et nach normal wann e puer Deeg virun de Wahlen d'Claude Zeimetz um Radio vun den "Konsorten vum Wee2050" schwätzt am Zesummenhang mat dem Wuert 'Juden' op engem Xavier-Bettel-Plakat?

Ass et normal dass den 'RTL 5 minutes' am Journal d'ADR als 'les populistes de droite' bezeechent, obwuel dat ganz kloer net de Fall ass?

An dass reporter.lu an d'Tageblatt vun 'Rechtspopulisten' schreiwen, tageblattt souguer vun 'waschechter Rechtspopulist' an vun 'radikalsten Politiker', 'Identitären' an vun 'Nationalisten' an natierlech dierf och dat Wuert 'Naziverbrechen' x-mol net feelen.

Et mengt ee bal déi betraffen Hetzer géifen sech quasi wënschen et géif eng rietspopulistesch Partei hei ginn.
Mä do mussen mer si enttäuschen:
Weder d'ADR nach de Wee2050 sinn dat!

De Bauer Guy bréngt et op de Punkt:
Die ADR ist ausländerfreundlich und setzt sich dafür ein, dass sich die Menschen integrieren und mehrere Sprachen sprechen. Bei ihm auf dem Hof gehe es bunt zu: „Ich habe sehr viele ausländische Freunde.“

Read more …

15.10.2018 Wahlen

(comments: 0)

D'Wahlen sinn eriwwer an mir als Wee2050 hunn et fäerdeg bruecht, eis Themen, also d'Themen vun der politescher Mëtt: eis Sprooch an déi negativ Konsequenzen vum onkontrolléierten, schnelle Wuesstem, zu den Haaptwalkampfthemen ze maachen.

Déi Diskussioun deet eisem Land gutt an huet déi forcéiert, déi de Kapp an de Sand gestach hunn an näischt dovu wollte wëssen, Positioun ze huelen.

Eis Kandidaten hunn ënnert dem Strëch gutt Resultater gemaach an d'ADR konnt an allen Bezierker zouleeën an een Sëtz bäigewannen.

Mat der ADR an allen hiren Kandidaten hate mir e verlässlechen Partner, mat deem mir gutt als gemeinsam Lëscht zesummegeschafft hunn an zesummeschaffe wäerten.

Read more …

8.10.2018 Well mir wëllen och mat den neie Lëtzebuerger lëtzebuergesch schwätzen.

(comments: 0)

De Claude Wiseler a Gambia hunn zesummen d'Sproochekenntnisser beim Nationalitéitegesetz erofgesat!
Kuerz nom Referendum!
Wat géifen se nach alles an enger Regierung maachen?

Fir eis an d'ADR ass kloer: Gutt Kenntnisser vun der Sprooch mussen eng Konditioun sinn fir d'Nationalitéit ze kréien.

Read more …