Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

1.6.2018 Keup, Weidig, Rinck, Rouling, Ahles an Bintz sinn d'Wee2050-Kandidaten op der ADR-Lëscht

(comments: 0)

1.6.2018 Keup, Weidig, Rinck, Rouling, Ahles an Bintz sinn d'Wee2050-Kandidaten op der ADR-Lëscht

Keup, Weidig, Rinck, Rouling, Ahles an Bintz sinn d'Wee2050-Kandidaten op der ADR-Lëscht

Haut den Owend sinn d’Kandidaten vun der ADR-Lëscht zu Feelen presentéiert ginn. Dorënner sinn och eis Kandidaten vum Wee2050.

Eis Kandidaten setze sech haaptsächlech fir déi Themen an, déi an eisen Ziler an Aktiounspunkte behandelt ginn. Selbstverständlech stinn och si zum gemeinsame Wahlprogramm vun der ADR-Lëscht, a si verflichte sech ADR-Member ze ginn, wann si gewielt ginn.

Zitat vun eise Kandidaten: “D’ADR ass am nooste bei de Wee2050-Ziler iwwert d'Sprooch, de Wuesstem an d'Demokratieverständnes, a vertrëtt se éierlech, staark a glafwierdeg. Zesumme mat den anere Kandidate wëllen mir, als Team, zesummen, déi ganz Lëscht voll ënnerstëtzen. Mir setzen eis mat voller Energie fir d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch an, mat engem richtege Gläichgewiicht tëschent dem Däitschen, Engleschen a Franséischen, wéi och géint den onkontrolléierte staarke Wuesstem. Mir passen och genau op, dass d’Resultat vum Referendum 2015 respektéiert gëtt, an dat besonnesch an der neier Verfassung.”

Op eiser Lëscht si Leit mat verschiddene Liewensperspektiven, déi awer all dat selwecht Demokratieverständnes hunn, déi d’Themen vun der politescher Mëtt vertriede wëllen, an déi och de Courage an d’Talent hunn, fir eis Ziler ëffentlech anzetrieden.

Net jiddereen aus eisem Team geet mat. D’Grënn dofir si villsäiteg: berufflech Incompatibilitéit, de Choix net an d’Ëffentlechkeet ze goen, familiär Grënn, déi Lëtzebuerger Nationalitéit net ze hunn, e politescht Mandat mat enger anerer Partei. Si stinn awer weider voll hannert eis an hëllefen op hir Aart a Weis. Mir soen dofir all eise Wee2050-Team-Memberen, mee och eise Sympathisanten an Donateure Villmools Merci.

Niewent eisem Grënner, dem Fred Keup, gi mat: Den Tom Weidig, dee sech am Referendum aktiv fir en equilibréierten Debat tëscht dem Jo an dem Nee agesat huet, fir sou eis an der grousser politescher Mëtt och eng Stëmm ze ginn. Zënter hier schafft hien aktiv beim Wee2050 an konnt wichteg Impulser ginn. Den Daniel Rinck, laangjäregen Administrator vun der populärer Facebooksäit ‘Neiwahlen’, bekannt fir seng oppe Manéier wichteg Uleie vun der politescher Mëtt ze thematiséieren an de politeschen Debat ze fërderen. Besonnesch exemplaresch ass säin Engagement fir deene Leit, déi a Nout geroden sinn, ze hëllefen. Weider Kandidaten sinn de Jos Roulling, dee vill Televisiounssendunge gemaach huet, d’Thessy Ahles an de Claude Bintz.

Zitat Tom Weidig: “Keen Thema däerf Tabu sinn an all Argumenter a Fakten mussen op den Dësch. Ech si frou, dass ech am Referendum dem Wee2050 hëllefe konnt, fir géint massive politeschen Drock, d'Meenung vun der politescher Mëtt héich ze halen. Mat der selwechter Energie setze mir eis als Wee2050 elo fir eis Ziler a punkto onkontrolléierte Wuesstem a Sprooch an."

Zitat Daniel Rinck: "Eis Sprooch a Kultur leie mir um Häerz, awer och den Impakt vum ze staarke Wuesstem, dee besonnesch déi Léit trëfft, deenen et net esou gutt geet, wéi deene Léit mat geréngem Akommes oder d'Situatioun vun den Obdachlosen.”

Hei sinn all eis Kandidate mat hire Profiller:

Bezierk Süden

Fred KEUP
Mamer, 38 Joer
Grënner vum Wee 2050
Geographieprofesser zu Esch
President F.C. Kielen

Tom WEIDIG
Esch, 45 Joer
President vum Wee 2050
Dokter an der Physik
Finanz- an Assurancenexpert
President vun internationalem Fuerschungsgremium iwwer Stottern

Jos ROULING
Esch, 63 Joer
Kandidat vum Wee 2050
Pensionéierte Magasinier ARBED
Moderator (Fernseh a Soiréen)

Bezierk Zentrum

Daniel RINCK
Dikrech, 54 Joer,
Kandidat vum Wee 2050
Expert a Kommunikatioun a Medien
Pensionéierte Privatbeamten,
Benevole bei Stëmm vun der Strooss

Thessy AHLES
Biissen, 54 Joer
Kandidatin vum Wee 2050
Sekretärin

Claude Bintz
Stader, 45 Joer
Kandidat vum Wee 2050
Schoul Beaux Arts
Techniker bei Dupont

Read more …

16.5.2018 Geziilte Manipulatioun ODER schroen handwierkleche Feeler vum grénge Charles Margue am Referendum 2015?

(comments: 0)

Elo kënnt eraus wat mir schonn ëmmer ugholl hunn: de Charles Margue war alles anescht wéi e neutrale Kommentator! Hie war e fanateschen Ënnerstëtzer vum JO.

Hie gëtt oppen zou, datt hien zu där Zäit wou hien am Kader vum Referendum 2015, als "neutrale" Meenungsfuerscher opgetrueden ass, GLÄICHZÄITEG bei deenen 3 Regierungsparteie Lobbyismus fir de JO bedriwwen huet, a sech duerfir agesat huet, eng Campagne vun engem Joer amplaz vun 3 Méint ze maachen.

Iwwer déi massiv falsch Prognosen déi 'Tns-Ilres" am Kader vum Referendum 2015 gemaach huet, verléiert de Charel Margue am 100,7 Interview och kee Wuert.

Dobäi sicht hie Feeler virun allem bei aneren: d'Regierung hätt de Referendum massiv vermasselt. Hie fënnt et och haut nach skandaléis datt d'Regierung net op seng Doléance fir de JO agaangen ass, a gesäit d'Resultat vun den 80% als e Fiasko.

Wann ee bedenkt, dass de Charles Margue iwwer Joren de Lëtzebuerger an engem Monolog ëmmer nees erkläert huet wat si anscheinend denken...

Den Interview:
https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/charles-margue

Eis Ziler vum Wee2050: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

20.4.2018 Uertschaftsnimm déi grouss op lëtzebuergesch geschriwwe sinn!

(comments: 0)

20.4.2018 Uertschaftsnimm déi grouss op lëtzebuergesch geschriwwe sinn!

Uertschaftsnimm déi grouss op lëtzebuergesch geschriwwe sinn hëllefen den Auslänner fir eis Sproch automatesch ze léieren!
D'Lëtzebuerger Sprooch muss am Alldag nees vill méi präsent sinn!

Op rtl.lu geet et haut drëms wéi Rëmeleng richteg geschriwwe gëtt. Mir froen eis firwat déi lëtzebuergesch Versioun net uewen op de Schëlter steet.

Eist Zil:
D'Lëtzebuerger Sprooch muss prioritär präsent sinn op den Internetsäite vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneauen.

Wéi ëmsetzen:
D'Uertschaftsschëlter sinn op Lëtzebuergesch, déi däitsch a franséisch Bezeechnung stinn a méi klenger Schrëft drënner.
E staarkt Zeechen fir eis Nationalsprooch an och fir eis traditionell Méisproochegkeet!

D'Ziler vum Wee2050:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …