
Lieserbréif: Den 175. Gebuertsdag vun der Onofhängegkeet gouf net gefeiert. Mir wëllen bleiwen wat mir sinn.
An der Zäit ass iwwerall lëtzebuergesch geschwat ginn. Wat dann och soss, däitsch wollt keen méi nom 2. Weltkrich an franséisch konnten déi meescht net, op mannst emol wat d´Schwätzen ugeet. Mir Lëtzebuerger hunn op franséisch an däitsch geschriwwen, et awer op lëtzebuergesch gesot, de Jang ass Jean geschriwwen ginn an hien huet an der rue Notre Dame gewunnt déi awer souwisou jiddereen Ënneschtgaass genannt huet, jo et fält op, deemools huet nach een oder deen aneren an der Uewerstad gewunnt.
Patriotesch ass geduecht ginn an deenen Zäiten, et war een houfreg op säin Land. Beim RTL Hei Elei ass Sonndes Mëttes fir der Grande-Duchesse hiren Gebuertsdag vun engem Kannerchouer gesongen ginn: „Lëtzebuerg de Lëtzebuerger, roude Léiw bewaach däin Feld..." fir d'Lëtzebuerger Nationalequipe am Fussball huet een einfach "mir " gesot an de Jean-Claude Juncker huet als Staatssekretär op der Tele Päif gefëmmt an hat fir déi haiteg Zäiten eng dach gewoten Äntwert op d'Aarbechtslosegkeet parat: D'Betriber sollen mol méi patriotesch handelen an Lëtzebuerger astellen statt Auslänner.
An der Schoul sinn nach Saachen vun hei heem geléiert ginn, an zwar auswenneg, dofir weess een se nach bis haut:"3/4 der Weinerzeugung sind Elbling und Riesling-Sylvaner", am Geographiebuch stoung nach "suche unser Land auf dem Globus" am Plaz "Suche Luxemburg" an den Professer Gilbert Trausch huet am Geschichtsbuch geschriwwen: "L'évolution démographique pose l'angoissante question de l'avenir du Luxembourg (...) L'immigration ne pourra s'étendre indéfiniment."
All Géigend hat nach säin eegenen Dialekt an seng eegen Spezialitéiten, Traditiounen sinn nach héich gehalen ginn: Klibberen, Meekranz maachen, Pilgeren, Kommioun feieren, d´Kiermes net ze vergiessen, an de Kleeschen war nach de Kleeschen an net de Weihnachtsmann. Liichten goen, dat hunn d'Kanner aus dem 1. Schouljoer deemools nach eleng gemaach, ouni Mamm, an zwar och am Garer Quartier, an der Fullegaass. Et huet een sech sécher gefillt, och wann et vläit nëmmen subjektiv war, mä dat loung wahrscheinlech och drun dass d'Grenzen zou waren.
Ugeschwat gëtt een haut op franséisch, souguer vu verschiddene Lëtzebuerger. An déi al Leit, eis Kanner, an och déi, déi d'Schoul net sou gutt gepackt hunn, all si haten Pech wann et heescht "en français". Et gëtt vun verschiddene Säiten gesot mir missten eisen Schoulsystem änneren, wéi et heescht un eis multikulturell Gesellschaft upassen, am beschten doduerch dass mer op franséisch alphabetiséieren, an dat obwuel just en ganz klengen Deel vun de Kanner zu Lëtzebuerg frankophon ass.
Den 175. Gebuertsdag get net gefeiert an an der Zeitung behaapt en Historiker eis Identitéit wier d'Méisproochegkeet, oder et gëtt gesot eng lëtzebuerger Identitéit géif et net ginn. Dann froen ech mech wei vill dat nach wäert ass, dass d'Lëtzebuerger am 2. Weltkrich mat "3 Mol Lëtzebuerg" op déi däitsch "Personenstandsaufnahme" geäntwert hunn? Soll dat alles vergiess sinn?
Ech géif mer wënschen mir géifen erëm méi patriotesch denken, mir sollten eis Sprooch an eis Traditiounen stäerken, mir sollten eisen 175. Gebuertsdag anstänneg feieren an stolz sinn op eist Land ouni all historeschen Datumer wëssenschaftlech auseneen ze huelen, mir sollten eng staark Identitéit halen an dat em sou méi well mir e klengt Land sinn an engem groussen Europa. Mir sollten och, wéi dat ëmmer de Fall an eiser Geschicht war, Leit aus dem Ausland bei eis am Land ophuelen an hinnen alles bidden fir sech hei séier an gutt ze integréieren an schlussendlech sollten mer hinnen och eis Nationalitéit ubidden fir dass si kennen wielen goen. An mir sollten dofir suergen dass Lëtzebuerg dat Land bleift, eist Land, dat mir sou déif an onsen Häerzer droen, fir dass dat, wat eis Grousselteren hei opgebaut hunn och nach fir eis Kanner weider besteet an dofir gëllt et genausou haut wéi och schonn fréier: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn.
Keup Fred 24.5.2014
Mamer