De Wielerwëllen muss respektéiert ginn: Keen Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier!
D'Lëtzebuerger hu sech géint d'Auslännerwahlrecht a fir de Wee iwwert d'Nationalitéit entscheet. Si wëllen och net d’Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dier aféieren: Si wëllen d'Nationalitéit net bradéieren an déi schonn niddreg Sproochkenntnisser sollen bestoen bleiwen.
Mir wieren eis géint d'Versich vum Patronat fir d'Sproochkenntnisser ze reduzéieren. De President vun der FEDIL, den Robert Dennewald, gëtt haut zitéiert op jeudi.lu mat de Wierder: "Mais il faudra quand même demain travailler à l’émergence d’un consensus pour modifier la loi nationale et permettre aux étrangers résidents de participer à la vie politique du pays. Cela passera par la nationalité. Et l’un des moyens les plus simples sera d’être moins regardant sur la maitrise de la langue luxembourgeoise et mettant en avant la résidence et la participation à la vie économique."
Et soll eng Politik gemaach ginn fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen, dofir soen mir: "Encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis Sprooch eis um Häerz läit. An erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze erreechen."
Mir fuerderen och dass d'Lëtzebuerger Sprooch méi an d'Ëffentlechkeet kennt, zum Beispill op de Websäiten vun de Gemengen an op Stroosseschëlder. Dat géif kengem wéidoen!
De Wielerwëllen muss respektéiert ginn.
Et soll een de Leit nolauschteren am Platz hinnen, vun uewen erof, eppes ze diktéieren.