De Prof. Dr. Luc Heuschling iwwert d'Konditiounen am Zesummenhang mam Auslännerwahlrecht
Op der Conférence sur la citoyenneté den 21. Mäerz an der Chamber huet de Prof. Dr. Heuschling iwwert déi 3 Konditiounen geschwat, déi provisoresch un d'Auslännerwahlrecht gekoppelt wäerten sinn.
Momentan ass et virgesinn dass en Auslänner kann wielen goen wann en déi 3 Konditiounen erfëllt:
- 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn
- schonn eng Kéier gewielt ze hunn bei Gemengen- oder Europawahlen
- just dat aktiivt Wahlrecht (en dierf also net geweielt ginn).
Den Prof. Dr. Heuschling erkläert hei dass 2 vun den 3 Konditiounen wahrscheinlech lues a lues kéinten verschwannen wann d'Auslännerwahlrecht bis agefouert ass.
Konkret heescht dat, an eisen Aen, dass et net stëmmt wann gesot gëtt et kéinten just 35.000 Auslänner wielen. Dat ass vläicht am Moment esou mä d'Auslännerwahlrecht bedeit dass an 20 Joer all d'Auslänner kënnen wielen an och kënnen gewielt ginn. An wann dat bis méi wéi 50% vun der Bevëlkerung sinn, dann ass et kloer dass och an der Chamber wäert eng Majoritéit vun Auslänner sëtzen an dann ass et fäerdeg mat Lëtzebuergesch schwätzen an der Chamber. An wat dat nach fir Konsequenzen huet kann jiddereen sech ausdenken.
Hei fënnt een d'Ried vum Här Heuschling vum 21.3.2015 ab 03h54m30: ChamberTV
Et donc il me semble que ces conditions restrictives, je dirais à la foi de l'exclusion du droit de vote passif et cette exigence d'avoir participé aux élections communales ou européennes, à mon avis, en termes de légitimité, ne tiennent pas le coup et à mon avis politiquement, mais là je suis dans la spéculation historique, à mon avis à terme vont disparaitre si le principe (droit de vote des étrangers) était acquis."