Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:
News
1.12.2019 80-20 d'Lëtzebuerger Vollek huet entscheed!
Mat den villen Suen déi d'Asti andauernd vum Staat geschenkt kritt, organiséieren se och Mediencampagnen an Emfroen fir d'Decisisioun vum Vollek aus dem Referendum op d'Kopp ze geheien.
Dofir eisen Message un d'Asti an all aner Onzefriddener:
D'Bier ass geschielt,
D'Bëtschel ass fett!
D'Vollek huet decidéiert.
80-20
All Mënsch wielt fir dat Land wou en d'Nationalitéit huet.
Merci.
D'Asti krut z.B. am Joer 2018 vum Staat:
- Min. de la Famille 733.084,98€
- Min. de la Jeunesse 109.793,53€
- Min. de l’Education nationale 887.201,62€
- Ministère Affaires étrangères 51.121,56€
- Commune Ville de Luxembourg (VDL) 313.728,15€
Autres subventions d’exploitations 493.654,21€
Daat sinn ronn 2,5 Milliounen !
Den Här Sergio Ferreira, Spriecher vun der Asti, verdingt am Joer 88.000 Euro.
7.11.2019 De Serge Tonnar lieft a senger kënschtlecher Kënschtlerwelt

De Serge Tonnar lieft a senger kënschtlecher Kënschtlerwelt:
Nee, et konnt een nach ni esou WÉINEG lëtzebuergesch schwätzen wéi haut!
Mir ginn et gär zou, datt mir dem Serge Tonnar seng Musek gutt fannen, seng Texter deelweis grenzwäerteg, mee seng politesch Aussoen extrem, naiv an realitéitsfriem!
Hien widderhëlt nees de Mantra vu Gambia:
- Et gëtt esou vill Lëtzebuergesch geschwat wei nach ni,
- d'Asylantenzuelen sinn minimal,
- an et ass genial, datt d'Lëtzebuerger just nach 50% vun der Bevëlkerung ausmaachen.
("Noch nie wurde so viel Luxemburgisch gesprochen", "Heemecht ist kein Ort, sondern ein Gefühl", "Es gibt hierzulande ja praktisch keine „Zuwanderung“", "Und trotzdem riskieren wir bald jemanden wie Fred Keup in der Abgeordnetenkammer zu haben ... Das ist für mich ein Alarmzeichen, bei dem ich mich frage, ob es nicht an der Zeit wäre, sich politisch zu engagieren, um solchen Menschen „de Bass halen ze goen“" S.Tonnar am Wort 6.11.2019)
Léiwe Serge, a wat fir enger Welt liefs du? Maach deng Aen an Oueren op!
De Serge Tonnar kënnt einfach net driwwer ewech dass 80 % him net gefollegt hunn, an säin Experiment vum Auslännerwahlrecht net wollten. Hien hat sech dach esou dofir agesat beim Referendum 2015.
Heemecht ass och eng Plaz mat ville Gemeinsamkeeten: wéi eis Sprooch, eis Geschicht, eise Schoulparcours.
Hal op géint aner Leit ze hetzen déi en anert Konzept vun Heemecht hunn!
16.10.2019 D'Frankophoniséierung vun Esch geet leider weider.

D'Frankophoniséierung vun Esch geet leider weider.
Lëtzebuergesch gëtt verdrängt.
De franséischen Monolinguismus setzt sech duerch.
D'Schëld WAR op Lëtzebuergesch
an ass elo NET MÉI op Lëtzebuergesch,
mee nëmmen nach op Franséisch
Ass Lëtzebuergesch vergiess ginn?
Oder ass et express ewechgemaach ginn?
Wann dir nach sou Beispiller hutt, dann schéckt eis se.
_____________________________________
De Wee2050: Säit dem Referendum 2015 setzen mir eis an fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir d'Méisproochegkeet) a fir en méi luesen a verstännege Wuesstem.
Ënnerstëtzt eis hei: Wee2050.lu
5.10.2019 Mir fuerderen Referendum: Wëlle mir en Millioune-Staat??? Nee!!!!
Mir freeën eis, datt d'ADR eppes ënnerstëtzt wat mir scho laang fuerderen, nämlech datt d'Lëtzebuerger sollen decidéieren, wat si wëlle sinn.
De Reportage op der Tele:
https://www.rtl.lu/news/national/a/1412598.html
Den extremen Wuesstem muss ophéieren!
En huet katastrophal Konsequenzen!
De risege Problem mam onkontrolléierte Wuesstem, Bevëlkerungsexplosioun & Massenimmigratioun:
Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst.
Dat féiert zu:
extrem héijen Wunnengspräisser
Verkéierskollaps & ëmmer méi Stau
Zoubetonnéierung vun der Natur
Manktem un Schoule, Klinniken, Infrastrukturen...
Problemer mat Integratioun, Identitéit & Kultur
trotzdem hu mer en Defizit am Staatsbudget