Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

23.9.2017 Zum Kuddelmuddel vum Här Meisch: „Et soll een net méi lasskappe wéi ee schëppe kann“*

(comments: 0)

* Zitat vum Martine Hansen.

De Wee2050 widderhëlt:

De Minister Meisch huet manner Lëtzebuergesch an der Spillschoul duerchgesat.
En huet Lycéeën opgemaach wou manner Sprooche geléiert ginn, sou dass déi Kanner mol net méi bei de Staat kënne schaffe goen.
OnausgeräifteReformen an Experimenter bestëmmen haut d'Schoulpolitik.
Liichtfankeg gëtt d'Roll vun der Schoul fir eis sozial Kohesioun an Integratioun um Altor vum Liberalismus geaffert.

An dann hu mer net genuch Léierpersonal fir all Klass ze besetzen a mierken dat eréischt de 15. September.

Par Rapport zur Rentrée virdru sinn 2.000 Kanner méi an de Schoulen.
An dofir nach de wichtegste Message vum Wee2050 un d'Regierung:

"WANN EEN DE RASANTEN WUESSTEM NET MEESCHTEREN KANN DA SOLL EEN D'FANGER DOVU LOOSSEN."

_____________________________________________

Hei eng gutt Analys vum aktuellen Kuddelmuddel:

"groß angekündigte Projekte des MEN würden nicht mehr weiterverfolgt. So etwa der großspurig angekündigte Französischunterricht in der Früherziehung, der sich zu einer “Farce” entwickelt habe."

"Von den zwei Stunden, die Schulen jener Gemeinden, die Flüchtlingskinder einschulen, zur Verfügung stehen, geht keine Rede mehr."

"Besonders die benachteiligten und schwachen Schüler leiden unter der Situation,"

"Als Beispiel nennt Arendt die englische Filiale im Lycée Michel Lucius. Diese würde von einer britischen Privatschule betrieben; die Prüfungskorrekturen würden in England gemacht; reines Outsourcing also …"

"Allerdings würden sie mit der dortigen Ausbildung und dem gelehrten Französisch-Niveau, das jenem britischer Schulen entspricht, kaum einen Job in der öffentlichen Verwaltung bekommen"

aus:
http://www.tageblatt.lu/headlines/rentree-nach-ni-esou-ee-chaos/

Read more …

20.9.2017 Unisproff deelt eis Meenung

(comments: 0)

20.9.2017 Unisproff deelt eis Meenung

D'Regierungs politik fir Franséisch an der Crèche an an der Spillschoul anzeféieren ass géint d'Wëssenschaft.

 

Aus engem Interview am Tageblatt vum 20. September 2017 mam Prof. Dr. Christine Schiltz*.

*Professorin für kognitive Neurowissenschaften an der Universität Luxemburg, Vize-Dekan der Fakultät für Sprache und Literatur, der Geisteswissenschaften, Kunst und Erziehung sowie leiterin des Instituts für kognitive Wissenschaften und Bewertung (COSA)

Read more …

11.9.2017 De Gemengencheck 2017: D'Gemeng Käerjeng :)

(comments: 0)

D'Gemeng Käerjeng geet mam gudde Beispill vir:
Mat der Lëtzebuerger Sprooch am ëffentleche Raum.

Souwuel bei der Beschëlderung wéi och bei de Stroossenimm (woubäi bei de Stroossenimm leider déi traditionnell gebräichlech Lëtzebuerger Nimm kursiv an kleng geschriwwe sinn)
Déi nei Stroossen hu lëtzebuergesch Nimm.

D'Internetsäit ass zu engem klengen Deel méisproocheg, villes feelt awer och nach.

Op kulturellem Plang mécht Käerjeng vill: Geschicht an Denkmalschutz kommen net ze kuerz.

Hei eis Ziler, déi dozou passen:

2. D'Lëtzebuerger Sprooch muss nees vill méi präsent sinn am Alldag.

2.1. D'Lëtzebuerger Sprooch muss prioritär präsent sinn op den Internetsäite vu Gemengen a Staat, Stroosseschëlter a Panneauen.

2.4. Datt een hei am Land liewen a schaffe kann mat Däitsch oder Englesch ouni zwéngend Franséisch mussen ze kënnen (All Formulairen vun den Administratiounen sollen och op Lëtzebuergesch oder Däitsch zur Verfügung gestallt ginn, déi wichtegst och op Englesch). Sou kéinten d'Auslänner sech éischter op déi lëtzebuerger Sprooch konzentréieren.

2.5. D'Lëtzebuerger Kultur (Konscht, Traditiounen, Geschicht, Patrimoine) muss gefërdert ginn.

All eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Lëtzebuergesch ass als Integratiounssprooch wichteg an ass d'Sprooch vun eisem Land.
Mir fuerderen e gesetzlech festgeluechte Moossnamekatalog fir (a) den auslännesche Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren: Informatiounscampagnen, méi Sproochecoursen, eng méi héich Präsenz am Alldag, zum Beispill op Internetsäiten, Stroosseschëlter a Panneauen. Wéi soll een d’Sprooch léiere wann een net a Kontakt mat hir kënnt?

Och d'Auslänner géife sech wënschen datt méi op Lëtzebuergesch wier an datt eis Sproch e méi héije Stellewäert hätt.
Sou zum Beispill de Vusal Gafaorw:
http://www.journal.lu/article/luxemburgisch-sollte-im-alltag-praesenter-sein/

Read more …

31.8.2017 Kollektiven Resistenzakt géint d’Nazien

(comments: 0)

Den 31. August 1942 koum et zu Lëtzebuerg zu engem Generalstreik vum ganze Vollek.

De Grond war d'Ukënnegung vum däitschen Nazibesatzer fir d'Zwangsrekrutéierung fir d'Lëtzebuerger an déi däitsch Wehrmacht anzeféieren.

Viséiert waren all d'Jongen zwëscht 18 an 22 Joer, also d'Joergäng 1920 bis 1924. (spéider och nach bis 1927).

D'Resistenz vun engem klenge Vollek géint den iwwermächtege Besatzer huet an der ganzer Welt Bewonnerung ervirgeruff.

Déi'Nazien ware blaméiert an si hunn mat aller Gewalt zereckgeschloen: 21 Lëtzebuerger goufen direkt erschoss, vill koumen a Konzentratiounslager.

Duerch de Generalstreik hunn d'"Preisen" sech net méi getraut fir och nach déi aner Joergäng anzeruffen. (Zum Verglach: Am Elsass sinn d'Joergäng vun 1907 bis 1927 ageruff ginn)

An der "Märtyrerstadt" Wolz, wou de Streik ugefaangen hat, erënnert nach haut dëst Monument un de Streik vun 1942.

Duerch d'Zwangsrekrutéierung sinn 2.848 Lëtzebuerger Jonge gestuerwen.

Read more …