Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

10.4.2015 2000 Supporter op Facebook

2.000 !!!

Grousse Merci un déi 2.000 Leit, déi dës Facebooksäit an de leschten Deeg geliked hunn.
Maacht Reklamm fir de NEE. Liked d'Säit an deelt se weider.
Bestellt bei eis Autocollanten an Flyer (kontakt@nee2015.lu).

Déi Leit vum Jo (minte.lu) behaapten si géifen den OGBL, den LCGB, d'CARITAS an d'UGDA (???) vertrieden an mir géifen keen vertrieden. Vertrieden mir wierklech keen? An sinn d'Memberen vun OGBL an UGDA wierklech fir en Jo zum Auslännerwahlrecht???

Eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger ass géint en Auslännerwahlrecht. Loosst iech net beaflossen vun der permanenter Propaganda fir en Auslännerwahlrecht an sot et, mat guddem Gewëssen, roueg weider: Nee zum Auslännerwahlrecht.

https://www.facebook.com/nee2015.lu

Read more …

10.4.2015 Pressecommuniqué: Informatiounsversammlungen?

Bis elo hunn vill Gemengen als eenzeg Riedner op hieren Informatiounsversammlungen de CEFIS an minte.lu, alle béid kloer Vertrieder vun engem Auslännerwahlrecht. Zu enger richteger Informatiounsversammlung gehéiert awer och déi aner Klack an zwar déi vum Nee. Op den Informatiounsowenter kéinten mir eis Vue vun den Argumenter fir e Jo an e Nee virdroen, an sou zu enger méi equilibréierter Informatiounsversammlung bäidroen.

Read more …

9.4.2015: "nee2015.lu" invitéiert fir en Informatiounsowend an Diskussiounsowend zu Esch

(comments: 0)

9.4.2015: "nee2015.lu" invitéiert fir en Informatiounsowend an Diskussiounsowend zu Esch

Den 21. Abrëll si mer um 18:30 zu Esch an der Kulturfabrik. Mir wäerten do während 15 Minutten eisen Point de vue presentéieren.

Haut de Moien kruten mer vum Integratiounsschäffen vun der Gemeng Esch, dem Dan Codello, matgedeelt dass mir nieft minte.lu agelueden wieren fir duerch eis en méi ausgeglachenen Informatiounsowend ze hunn. Mir soen der Integratiounskommissioun vun Esch an dem Dan Codello villmools Merci dass si sech neutral verhalen an fir en balancéierten Debat sinn.

Mir hoffen dass och elo déi aner Gemengen dem Beispill vun Esch noginn an eis invitéieren. Bis elo hunn vill Gemengen als eenzeg Riedner op hieren Informatiounsversammlungen de CEFIS an minte.lu, alle béid kloer Vertrieder vun engem Auslännerwahlrecht. Zu enger richteger Informatiounsversammlung gehéiert awer och déi aner Klack an zwar déi vum Nee. Op den Informatiounsowenter kéinten mir eis Vue vun den Argumenter fir en Jo an e Nee virdroen, an sou zu enger méi equilibréierter Informatiounsversammlung bäidroen.

Hei ass d'Affiche.

Read more …

7.4.2015 Nach 2 Méint bis zum Referendum.

De 7. Juni 2015 wäert en eminent wichtegen Dag an der Geschicht vun Lëtzebuerg an fir eisen Staat ginn. Deen Dag stellt sech d'Fro, op Lëtzebuerg dat eenzegt Land an Europa gëtt, wat d'Auslänner fir säin nationalt Parlament wäert wielen loossen. Eng Entscheedung bei där et keen Zeréck méi gëtt!!! Mam Auslännerwahlrecht wier d'Souveränitéit vun der Lëtzebuerger Natioun, dat heescht vun de Lëtzebuerger,  fir ëmmer an éiweg opginn.

Säit 100 Joer kommen auslännesch Immigranten aus Polen, Italien, Portugal an villen aneren Länner bei eis, an si alleguer hunn sech hei gutt integréiert, an dat OUNI AUSLÄNNERWAHLRECHT.

Laut dem leschten Sondage ass eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger géint en Auslännerwahlrecht. Loosst och dir iech net beaflossen vun der permanenter Propaganda fir en Auslännerwahlrecht an sot et, mat guddem Gewëssen, roueg weider: Nee zum Auslännerwahlrecht.

Och de Paul Kremer huet sech ëffentlech zum Nee bekannt. Hei fannt dir de Link op säin Bäitrag.

Read more …

4.4.2015 Déi 3 Konditiounen déi an der Fro un d'Auslännerwahlrecht gebonnen sinn, wäerten wahrecheinlech verschwannen!

4.4.2015 Déi 3 Konditiounen déi an der Fro un d'Auslännerwahlrecht gebonnen sinn, wäerten wahrecheinlech verschwannen!

Momentan ass et virgesinn dass en Auslänner kann wielen goen wann en déi 3 Konditiounen erfëllt: 1.- 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, 2.- schonn eng Kéier gewielt ze hunn bei Gemengen- oder Europawahlen 2.- just dat aktiivt Wahlrecht (en dierf also net geweielt ginn).

Den Prof. Dr. Heuschling erkläert hei, dass 2 vun den  3 Konditiounen wahrecheinlech lues a lues kéinten verschwannen wann d'Auslännerwahlrecht bis agefouert ass.

An eisen Aen sinn déi 3 Konditiounen e faulen Trick fir d'Wieler ze täuschen!

Read more …