Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

27.4.2015 Just de Jo dierf op d'"Informatiounsversammlung" vun der Gemeng Betzder

(comments: 0)

Déi Betzder Gemeng huet refuséiert dem Nee déi selwecht Chancen ze ginn, wéi zu Esch an zu Kolmer-Bierg.

Kommt op Rued/Syr um 19:30 a sot är Meenung.

Eng Majoritéit seet nee zum Auslännerwahlrecht.

Mir sinn absolut onparteiesch. Mir sinn déi politesch Mett.

Muer zu Stroossen si mir och NET invitéiert

En Donneschden, den 30. Abrëll si mer an der Stad op der Informatiounsversammlung am cité cercle invitéiert um 19:30

Hei as de Flyer vun der Versammlung

Read more …

25.4.2015 Wat fir eng Konsequenzen hätt d'Auslännerwahlrecht fir eis Sprooch?

Wann en Auslännerwahlrecht bis agefouert ass, dann kann den politeschen Debat hei am Land net méi just op lëtzebuergesch gefouert ginn.

Dann kéint an der Chamber laangfristeg d’Lëtzebuergescht verschwannen.

D’Auslännerwahlrecht hätt also en groussen Afloss op eis Sprooch, zemools wann d’Konditiounen opgelockert ginn.

An mir soen dofir hei ganz däitlech: Duerch d’Auslännerwahlrecht verléiert eis Sprooch ëmmer méi un Bedeitung.

Weider geet et op "read more"

Read more …

24.4.2015 Reportage iwwert Informatiounsversammlung zu Colmer-Bierg

Hei ass en Reportage vun RTL Radio iwwert d'Informatiounsversammlung zu Colmer-Bierg.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/626987.html


Weider Versamlungen:
- Donneschdes 30.4. an der Stad um 19:00 am Cercle Cité.
- Mëttwochs 6.5. zu Iechternach um 19:30 an der Primärschoul
- Dënschdes 19.5. zu Ëlwen um 19:30 am Ciné Orion

Mir waarden nach op eng Äntwert fir den Mëttwoch 29. Abrëll zu Stroossen.
Vun der Gemeng Betzder kruten mer leider bis elo eng negativ Äntwert.

 

Read more …