18.5.2015 Informatiounsversammlungen
Nee2015 ass invitéiert op d'Informatiounsversammlungen:
- haut, um 19:30, zu Schëtter
- muer Dënschden um 19:30 zu Ëlwen am Orion.
Mir wäerten während 15 Minutten de Standpunkt vum Nee zum Auslännerwahlrecht vertrieden.
Duerno ass nach Débat wou d'Leit aus dem Publikum kënnen Froen stellen.
Haut ass och nach eng Versammlung zu Käl, wou awer just de Jo eng Présentatioun dierf machen!
Weider sinn och nach d'Informatiounsversammlungen vun der Chamber:
- e Méindeg, 18. Mee 2015 an der Aler Seeërei zu Dikrech,
- en Dënschdeg, 19. Mee 2015 am Centre sportif, culturel et scolaire „Tramsschapp“ an der Stad (Lampertsbierg),
- en Donneschdeg, 21. Mee 2015 am „Mierscher Kulturhaus“ zu Miersch,
- e Freideg, 22. Mee 2015 am groussen Auditoire vun der „Maison du Savoir“ vun der Uni Lëtzebuerg zu Esch-Belval.