7.6.2015 Lëtzebuerg seet kloer Nee zum Auslännerwahlrecht trotz massiver Campagne vum Jo.
D’Lëtzebuerger hunn sech net aschüchteren gelooss vun der massiver a coordinéierter Jo-Campagne vun der Regierung, vum groussen Patronat, vun de Spëtzten vun de Gewerkschaften, vun Deeler vun de Medien, vun der Kierch, vun selwerernannten Eliten vun der Jo-Campagne an vun Gruppen vun Konschtschafenden.
Mir vum Nee2015 haten de Courage dem Nee eng staark a kloer Stëmm ze ginn an domat hu mir dat gesot, wat eng kloer Majoritéit vun de Lëtzebuerger denkt! Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft hunn eis ënnerstëtzt an eis Merci gesot, well si net an d’Ëffentlechkeet wollten goen matt hirer Meenung.
Et ass en groussen Moment fir déi Lëtzebuerger Demokratie, wou d’Wieler gewisen hunn, dass si onofhängeg an couragéiert hier Meenung ausdrécken matt hirer Stëmm.
Mir vum Nee2015 sinn houfreg, dass mir matt nëmmen 3.000 Euro an dem Input vu Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft eng efficace Campagne gemaach hunn géint e Budget vun méi wei 100.000 Euro a géint vill Versich eis an den extremen Eck ze drécken.
Mir sinn déi politesch Mëtt an net déi, déi eis de Jo als politesch Mett verkafen wollten!
Politik muss matt de Leit gemaach ginn. Et soll hinnen nogelauschtert ginn a net iwwer d’Leit ewech decidéiert ginn.
Dofir kämpfen mir weider!
Aus dem Nee2015 gëtt den Wee2050!
Mir mellen eis.