Op der Pressekonferenz huet den Alex Bodry am Numm vun der LSAP erklärt dass e neit Nationalitéitegesetz nach virun der Vakanz an d'Chamber kennt. D'Lëtzebuerger hu sech matt 80% géint d'Auslännerwahlrecht a fir de Wee iwwert d'Nationalitéit entscheet. Si wëllen awer net d’Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dier aféieren: Si wëllen d'Nationalitéit net bradéieren an déi schonn niddreg Sproochkenntnisser sollen bestoen bleiwen.
Mir wieren eis géint d'Versich d'Sproochkenntnisser ze reduzéieren. Et soll eng Politik gemaach ginn fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze ënnerstëtzen, dofir soen mir: "Encouragéiert d’Auslänner fir Lëtzebuergesch ze léieren, bitt hinnen d’Méiglechkeeten. Wéist hinnen, dass eis Sprooch eis um Häerz läit. An erkläert hinnen méi däitlech, wéi een déi duebel Nationalitéit kann kréien an erliichtert d’Formalitéiten op der Gemeng fir dëst ze erreechen."
Mir fuerderen och dass d'Lëtzebuerger Sprooch méi an d'Ëffentlechkeet kennt, zum Beispill op de Websäiten vun de Gemengen an op Stroosseschëlder. Dat géif kengem wéidoen! De Wielerwëllen muss respektéiert ginn. Den Här Bodry an d'Regierungsparteien sollen de Leit nolauschteren am Platz hinnen, vun uewen erof, eppes ze diktéieren.
http://www.rtl.lu/letzebuerg/676228.html