Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

14.08.2018 An genee 2 Méint si Wahlen.

(comments: 0)

14.08.2018 An genee 2 Méint si Wahlen.

Är Stëmm fir eis Sprooch an fir e moderate Wuesstem.

An genee 2 Méint si Wahlen.

Des Wahlen sinn entscheedend fir eis Zukunft.

De Wee2050 huet dowéinst eng Kooperatioun mat der ADR gemaach.

Wann mir eis zesummen asetzen, wéi schonn am Referendum, dann kréien mir déi Zukunft déi mir wëllen an net déi, déi anerer eis opzwéngen wëllen!

Wee2050 - mir sinn déi politesch Mëtt

Op der Foto: Mam Gast Giberyen, Tom Weidig, Jean Schoos, Fred Keup

Read more …

11.08.2018 Huet de Finanzminister eis an dem Parlament manipuléiert Budgetszuelen virgeluecht?

(comments: 0)

"Et gëtt an der Lescht probéiert, d'Staatsfinanzen anescht duerzestellen, wéi se a Wierklechkeet sinn - speziell vum Finanzminister Pierre Gramegna."

Dat sot de Gast Gibéryen gëschter op enger Pressekonferenz.
Et ass inakzeptabel, datt eng Regierung d’Populatioun mat manipuléierten Zuele gleewe léisst, et wär alles am Botter.

- 1,3 Milliarden Euro, déi geléint sinn, ginn als Haushaltsiwwerschoss duergestallt

- An den leschte 4 Joer waren an der Halschent vum Joer 49 % vun den Ausgaben, déi am Staatsbudget virgesi sinn, ofgebucht, dëst Joer sinn et no engem halwen Joer awer just 40,9 %. Firwat just 40,9 % wann schonn 50% vum Joer eriwwer sinn?

Artikelen aus de Medien dozou:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/1221672.html
https://www.wort.lu/de/politik/zahlensalat-5b6c733e182b657ad3b9132a
https://moien.lu/de-nol-op-de-kapp/

Read more …