Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

12.10.2015 Mir gleewen deene Gréngen net wann se insistéieren, dass dat neit Nationalitéitegesetz näischt mam Referendum ze dinn huet.

(comments: 0)

Lëtzebuerger sinn an integréiert sinn heescht eben och d'Sprooch schwätzen!

D'Madame Loschetter huet verséchert dass déi Gréng net d'Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier wëllen aféieren. Mir gleewen hir, dem Minister Braz an deene Gréngen dat net, well d'Sproochekenntnisser an deem neie Projet staark erof gesat ginn oder net gefrot ginn. Madame Loschetter seet dass "Lëtzebuerger sinn an integréiert ze sinn ass méi, wéi eng Sprooch schwätzen. Et soll een och zivil Course suivéieren a Gebräicher, Traditioun an d'Geschicht vun onserem Land kennen"

"Méi wei d'Sprooch" ass richteg, mä eben och d'Sprooch. A genau dat maachen déi Gréng net.

Mir appeléieren un d'Parteibasis an déi pragmatesch Politiker vun der DP, der LSAP an der CSV déi extrem Positioun vun deenen Gréngen net einfach esou ze acceptéieren an de Wonsch vun villen vun hiren eegenen Wieler fir d'Sprooch ze respektéieren.

Et ginn aner Méiglechkeeten fir dass déi auslännesch Matbierger kënnen d'Nationalitéit unhuelen: D'Politik soll motivéieren an hëllefen fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren.

Mir wäerten och eng Géigepropose zum Projet vum Nationalitéitegesetz proposéieren.

Read more …

22.9.2015 De Leit, déi Asyl ugefrot hunn, sollen däitsch/lëtzebuergesch Sproochecoursen ugebueden ginn.

D'Regierung soll de Leit, déi Asyl ufroen, de fräie Choix ginn fir däitsch/lëtzebuergesch Sproochecoursen ze huelen!

Mir verstinn net firwat, dass déi Leit, déi bei eis Asyl ufroen, als éischt Sprooch franséisch léieren mussen, an dat obwuel:

 

weider liesen ...

Read more …

14.9.2015 Mir mussen all de Kanner d'Chance ginn fir Lëtzebuergesch ze léieren.

(comments: 0)

D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun an en gutt Zesummeliewen.

Mir mussen alle Kanner d'Chance ginn Lëtzebuergesch ze léieren well dann wäerten si och kënnen d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an dann kréien si och d'Wahlrecht fir d'Chamber.

An den staatlech ënnerstëtzten Crèchen soll onbedéngt Lëtzebuergesch geschwat ginn.

Méisproochegkeet ass ganz wichteg fir Lëtzebuerg mä leider gëtt d'Méisproochegkeet oft op déi franséisch Sprooch reduzéiert. Lëtzebuergesch an Däitsch sollten awer den selwechten Stellewäert hunn wéi dat Franséischt.

Read more …

15.8.2015 NEE, de Referendum war KEE Fehler!

(comments: 0)

 

De Ben Fayot seet am Interview mam Luxemburger Wort: "Das Referendum war ein großer Fehler."

Mir soen: "NEE, de Referendum war KEE Fehler! "

Et war gutt fir d'Vollek bei esou enger wichteger Saach ze froen an et ass gutt dass d'Meenung vum Vollek elo kloer ass!

Seelen waren d'Lëtzebuerger sech sou eeneg, seelen waren se sou däitlech der selwechter Meenung!

Et gëllt elo dat kloert Resultat ze respektéieren!

Fir déi Lëtzebuerger Chamber wielen d'Lëtzebuerger!

An d'Lëtzebuerger sinn déi, déi sech iwwert eng gemeinsam Sproch, d’Lëtzebuergescht, verstännegen!

 

http://www.wort.lu/de/politik/ex-lsap-fraktionschef-ben-fayot-das-referendum-war-ein-grosser-fehler-55cda4210c88b46a8ce5e594

Read more …