Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

25.4.2016 Den eelsten lëtzebuergeschen Text staamt aus dem 13. Jorhonnert.

(comments: 0)

25.4.2016 Den eelsten lëtzebuergeschen Text staamt aus dem 13. Jorhonnert.

Den eelsten lëtzebuergeschen Text staamt aus dem 13. Jorhonnert.

Et ass den Codex Mariendalensis, an deem d'Liewen vum Yolanda vun Veianen beschriwwen gëtt.

Speziell ass, dass d'Buch net op Latäin verfaasst ass, mee op déi deemoleg Ëmgangssprooch hei an der Regioun: Lëtzebuergesch-Muselfränkesch. Et ass den Virleefer vum haitege Lëtzebuergesch.

Der älteste luxemburgische Text. Yolanda von Vianden:

https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/4325_195_Rapp.pdf

 

Read more …

14.4.2016 Bei de Kanner muss déi Lëtzebuerger Sprooch Prioritéit sinn!

Integratioun, sozialen Zesummenhalt an Chancëgläichheet fonctionnéieren nëmmen mat enger gemeinsamer Sprooch: d'Lëtzebuerger Sprooch.

Dofir ass et wichteg, dass déi vill auslännesch Kanner d'Lëtzebuerger Sprooch sou séier wéi méiglech léieren an der Crèche, am Précoce an an der Spillschoul.

Eise ganze Communiqué: hei

 

 

Read more …

6.4.2016 Grousse Merci un den Vusal Gafarov

(comments: 0)

Mir soen e GROUSSE MERCI un den Vusal Gafarov deen sech fir d'Lëtzebuerger Sprooch agesat huet.

An och en groussen Merci un all déi Leit, déi seng Pétitioun ënnerschriwwen hunn.

Eng ganz interessant Story vun engem Aserbaidschaner deen sech fir d'Lëtzebuergescht staark mécht. Mä leider hunn d'Zeitungen sech net dofir interesséiert.

 

 

 

Hei ass awer nach eng Kéier den Artikel aus dem "Journal" vum 24.2.
http://www.journal.lu/article/luxemburgisch-sollte-im-alltag-praesenter-sein/

Read more …

28.3.2016 Den Alain Atten mengt, dass eis Sprooch ausstierwen kéint!

(comments: 0)

Hien mengt dass d'Sprooch ausstierwt, well prozentual gesinn ëmmer manner Leit Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn.
 
"Et ass ganz einfach eng Mathematik, wann et em 70 % Friemer geet an em 30% Lëtzebuerger (an der Gemeng Lëtzebuerg), dann kann een net soen dass Lëtzebuergesch sech duerchsetzt. Dat wier nun ganz onwahrscheinlech.
 
Op d'Fro "Mä d'Zuel vun de Lëtzebuerger geet jo alt an d'Luucht, et heescht jo awer nach ni hätten sou vill leit Lëtzebuergesch geschwat wéi haut. ", äntwert den Alain Atten: "Dat kann sinn. Mir vergiessen dann awer: Et waren och nach ni sou vill Auslänner hei. Dat ass eng proportional Saach, also d'Verhältnis loung nach ni sou schlecht, soen ech, wéi elo. (...) Ech soen 30 géint 70, dat ass eng ganz anert Verhältnis, ech kann, wann ech uechtert d'Stad ginn, wann ech mer iergendeppes zerwéieren loossen, ech kann haut, géif ech soen, vläicht, mat engem Drëttel vun de Leit, dat ass ongeféier dat, Lëtzebuergesch schwätzen, déi aner froen mech: "Parlez français svp.""
 
 
 
Dat alles am Background op RTL Radio:

 

 

 

Read more …