Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

14.5.2015 Kommt op e Patt de Sonnden 17.5. ab 19 Auer.

(comments: 0)

Kommt op e Patt de Sonnden 17.5. ab 19 Auer.

Mir maachen lo schonn zesummen Säit Wochen eng Campagne fir de Nee.

Mir wollten Iech invitéieren matt eis zesummen e Patt ze drénken.

Keng grouss Rieden! Et soll keng Wahlversammlung sinn!

Jiddereen schwätzt matt jidderengem.

Leit aus Parteien sinn wëllkomm awer aktiv Politiker op Nationalniveau sollen w.e.g. net kommen.

am Café Pacha zu Märel, 156, avenue du X Septembre, Lëtzebuerg

Kommt w.e.g. netwann der extrem Iddien vum rietsen oder lénksen Bord hutt.

Read more …

13.5.2015 D'Parlament vum Conseil d'Europe huet sech géint d'Auslännerwahlrecht ausgeschwat.

D’Parlament vum Conseil d’Europe seet an enger Resolutioun dass d’Wahlrecht soll un d’Nationalitéit gekoppelt sinn:

Résolution 1459 :
« 6. Compte tenu du conflit de loyauté possible entre le pays dont une personne est citoyenne et son pays de résidence, le droit de vote et d’éligibilité aux élections nationales (parlementaires ou présidentielles) devrait généralement être SUBORDONNÉE À LA NATIONALITÉ. Les personnes dotées de plusieurs nationalités devraient avoir le droit de choisir librement le pays dans lequel elles souhaitent exercer leur droit de vote. »

--> Resolutioun 1459

Read more …

12.5.2015 De Premier Minister vergläicht d'Demokratie zu Lëtzebuerg mat Dubai.

(comments: 0)

An engem Interview am Le Quotidien (vum 11.5.) schwätzt hien vun engem graven Demokratiedefizit "aucun autre pays n'a un tel déficit démocratique" an "Mais pour Xavier Bettel, il en va de la modernisation d'un pays qui en a bien besoin s'il ne veut pas être comparé à Dubai sur le plan démocratique."

Lëtzebuerg huet säit laangem eng Virbildfonktioun als en demokratescht Land wou schonn 1919 d'Fraen an déi einfach Aarbechter d'Wahlrecht kritt hunn. Mir wëllen de Premier drun erënneren dass Lëtzebuerg och ouni Auslännerwahlrecht a mat weiderer Immigratioun absolut net mat Dubai ze vergläichen ass. Am Demokratieindex vun der Zeitung "The Economist" ass Lëtzebuerg op der 11. Plaatz an d’Vereenegt Arabesch Emiraten (mat Dubai) op Platz 149 vun 167. Zu Dubai gëtt et keng Parteien, keng Oppositioun a keng Gewerkschaften, auslännesch Aarbechter déi 80% vun den Awunner ausmaachen, hunn keng Rechter an ginn deelweis ausgebeut wéi Sklaven.

Read more …

11.5.2015 Informatiounsversammlunge vun der Chamber musse méi equilibréiert sinn!

(comments: 0)

D' Initiativ Nee2015.lu fuerdert d'Chamber op, fir datt si d'Informatiounsversammlunge méi equilibréiert mécht.

Artikel op rtl.lu:
http://www.rtl.lu/letzebuerg/631405.html

de Pressecommuniqué

Wann dir eis wëllt hëllefen oder Flyer an Pechbiller bestellen dann kontaktéiert eis per Mail (kontakt@nee2015.lu) oder dir wëllt de Nee mat engem Don ënnerstëtzen.

Read more …