Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

8.6.2015 De Wielerwëllen muss respektéiert ginn: Keen Auslännerwahlrecht duerch d'Hannerdier!

D'Lëtzebuerger hu sech géint d'Auslännerwahlrecht a fir de Wee iwwert d'Nationalitéit entscheet. Si wëllen och net d’Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dier aféieren: Si wëllen d'Nationalitéit net bradéieren an déi schonn niddreg Sproochkenntnisser sollen bestoen bleiwen.....

Weider op read more

Read more …

7.6.2015 Lëtzebuerg seet kloer Nee zum Auslännerwahlrecht trotz massiver Campagne vum Jo.

(comments: 0)

D’Lëtzebuerger hunn sech net aschüchteren gelooss vun der massiver a coordinéierter Jo-Campagne vun der Regierung, vum groussen Patronat, vun de Spëtzten vun de Gewerkschaften, vun Deeler vun de Medien, vun der Kierch, vun selwerernannten Eliten vun der Jo-Campagne an vun Gruppen vun Konschtschafenden.


Mir vum Nee2015 haten de Courage dem Nee eng staark a kloer Stëmm ze ginn an domat hu mir dat gesot, wat eng kloer Majoritéit vun de Lëtzebuerger denkt! Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft hunn eis ënnerstëtzt an eis Merci gesot, well si net an d’Ëffentlechkeet wollten goen matt hirer Meenung.


Et ass en groussen Moment fir déi Lëtzebuerger Demokratie, wou d’Wieler gewisen hunn, dass si onofhängeg an couragéiert hier Meenung ausdrécken matt hirer Stëmm.


Mir vum Nee2015 sinn houfreg, dass mir matt nëmmen 3.000 Euro an dem Input vu Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft eng efficace Campagne gemaach hunn géint e Budget vun méi wei 100.000 Euro a géint vill Versich eis an den extremen Eck ze drécken.


Mir sinn déi politesch Mëtt an net déi, déi eis de Jo als politesch Mett verkafen wollten!


Politik muss matt de Leit gemaach ginn. Et soll hinnen nogelauschtert ginn a net iwwer d’Leit ewech decidéiert ginn.
Dofir kämpfen mir weider!


Aus dem Nee2015 gëtt den Wee2050!

Mir mellen eis.

Read more …

6.6.2015 Villmools Merci

(comments: 0)

Dës Campagne geet op en Enn. Mir konnten dem Nee eng kloer Stëmm ginn an soen iech dofir e groussen Merci:

Dofir e groussen Merci un all:

- d'Aktivisten

- eis Beroder aus allen Deeler vun der Gesellschaft

- all den Supporter déi d'Säit gelikt hunn an Kommentare geschriwwen hunn.

- der Escher Integratiounskommissioun fir hiren Courage fir eng fair an equilibréiert Versammlung ze organiséieren wou mir fir d'éischt agelueden waren.

- all den Gemengen an Associatiounen déi eis op Wahlversammlungen agelueden hunn: d'Nordstad, d'Stad Lëtzebuerg, d'Gemeng Schëtter, de mec asbl (Iechternach), an Europe direct (Ëlwen)

- der CSV, der ADR ab deenen Lénken well si an der Chamber eng Motioun fir en fairen an equilibréierten Débat gestëmmt hunn.

- den Medien fir, heiansdo hart, awer ëmmer fair Interviewen an Reportagen: RTL Radio, RTL Télé, Radio 100,7, Radio Latina, Radio France Inter, SFR, Wort, Quotidien, d'Land, Delano, Contacto, Jeudi an NZZ....

- der Ugda dass se de Courage haten zur Neutralitéit

Dir hutt all eisen groussen Respekt an mir soen Villmools Merci.

Read more …

5.6.2015 Nee Merci zur Verwässerung vun der Nationalitéit

(comments: 0)

Jo zur Vereinfachung vun de Prozeduren, Nee Merci zur Verwässerung vun der Nationalitéit.

D'Campagne vum Referendum huet kloer gewisen dass e groussen Deel vun de Lëtzebuerger géint d'Auslännerwahlrecht ass an och géint eng Verwässerung vun der Nationalitéit, zemools bei de Sproochekenntnisser.

Mir se besuergt dass d'CSV dem Drock vun de Regierungsparteien an och intern noginn muss an de Wëllen vun ganz villen Wieler net verteidegen kann. Dat muss verhënnert ginn!

Mir sinn domat averstanen dass d'Prozedur fir d'Nationalitéit ze kréien, sou wéi och ganz vill aner staatlech Prozeduren, vereinfacht muss ginn. Dat ass gesonden Mënscheverstand, wou parteiiwwergräifend en Konsens misst do sinn. Komm mir maachen dat zesummen!

Wou mir awer ganz kloer dergéint sinn ass, dass d'Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dir agefouert gëtt andeems d'Nationalitéit komplett verwässert gëtt an déi schonn niddreg Sproochekenntnisser nach reduzéiert ginn. Do soen mir ganz kloer: Nee Merci!

Mä mir soen Jo zu Moossnahmen wou d'Lëtzebuerger Sprooch méi eng Prominenz an der Ëffentlechkeet kritt. Zum Beispill: Lëtzebuergesch op Gemengenwebsäiten (och däitsch an englesch) oder Stroosseschëlder op Lëtzebuergesch. Dat sinn positiv Moossnahmen déi kengem wéidinn. A virun allem eng méi grouss an eng besser Offer un Sproochecoursen an eng Verbesserung vum "congé linguistique".

Mir mussen dat maachen wat vill Auslänner eis soen: Dir musst Är Sprooch weisen, soss weess keen wéi wichteg se fir Iech ass!

Read more …