Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

18.11.2017 Uertschaftsschëlter op Lëtzebuergesch

(comments: 0)

Besser wier:
Uertschaftsschëlter sinn op Lëtzebuergesch,
déi däitsch a franséisch Bezeechnung steet a méi klenger Schrëft drënner.

De Quiz vu moien.lu:
https://moien.lu/weess-du-wei-eng-uertschafte-sech-hannert-dese-franseische-nimm-verstoppen/

Dat ass ee vun eisen 10 konkreten Aktiounspunkte fir d'Lëtzebuerger Sprooch:
http://wee2050.lu/index.php/press.html?file=files/Site/2017/Pressecommunique-Wee2050-nee2015-11.1.2017%20Aktiounspunkten.pdf

Hei fënnt een d'Nimm vun de lëtzebuerger Uertschaften an de 3 administrative Sproochen. Déi original Nimm sinn déi lëtzebuergesch resp. däitsch. https://de.wikipedia.org/wiki/Liste_luxemburgischer_Ortschaften

Read more …

10.11.2017 An der Stad gi 45% vun de Schüler net méi an déi normal ëffentlech Schoul

De Claude Meisch mécht mat sengen internationale Schoulen eng Politik vum Zwee-Klasse-Schoulsystem géint d'sozial Cohesioun an géint d'Prinzipie vun sénge Partner an der Regierung: LSAP an déi Gréng.

Sou hu sech am Stater Gemengerot d'Vertrieder vun LSAP, déi Gréng, déi Lénk an der DP kritesch zu den ëmmer méi heefegen an méi dominanten (internationalen communautaristeschen) Privatschoule geäussert.

De Wee2050, deen net midd gëtt sech fir d'Integratioun a géint Parallelgesellschaften anzesetzen, gëtt hinne ganz Recht!

Hei d'Auszich vum Tom Krieps (LSAP), vum Carlo Back (déi Gréng), vum Guy Foetz (Déi Lénk) a Claudine Als (DP) aus der Gemengerotssëtzung an der Stad vum 26.6.2017  -->

Mir wëssen natierlech och datt international Schoulen hir Berechtegung hunn, fir Leit déi just fir e puer Joer bei eis an d'Land kommen, dat ass OK.
__________________________________________________
Hei sinn eis Ziler Nummer 3 déi dozou passen:

3. De lëtzebuergesche Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.

3.1. Den auslännesche Matbierger kloer maachen datt hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
3.2. Lëtzebuergesch muss an alle staatlech ënnerstëtzte Schoulen zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School), ugebuede ginn.
3.3. An de staatlech ënnerstëtzte Crèchen muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.
3.4. Am Précoce an an der Spillschoul soll d’Fërderung vum Lëtzebuergeschen am Mëttelpunkt stoen a keng weider Friemsproochen geléiert ginn.

 

Read more …

5.11.2017 Fir eng besser Integratioun: Méi Sproochecoursen!

(comments: 0)

5.11.2017 Fir eng besser Integratioun: Méi Sproochecoursen!

D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun.

Haut gi leider just ganz wéineg Awunner a Sproochecourse fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Mir sollen och bedenken datt 1 Joer nach laang net duer geet fir eng Sprooch ze léieren.

Als Wee2050 proposéiere mir:

- datt vill méi Sproochecoursen ugebuede ginn
- datt et méi einfach gemaach gëtt fir dorun deelzehuelen
- an datt massiv Reklamm dofir gemaach gëtt

Mir sollen awer och nuancéieren: Net jiddereen deen hei ass, wëll sech integréieren an och net jidderee bleift hei. Zum Beispill Leit, déi nëmmen zäitlech begrenzt bei enger internationaler Firma schaffen. Op där anerer Säit ginn et Beräicher wou et méi wichteg ass, grad da wann ee vill am Kontakt mat de Leit ass.

Mir verlaangen also net dass jidderee sech integréiere MUSS, mä mir soen: "Wanns de dech wëlls integréieren, dann ass Lëtzebuergesch léiere wichteg"

All d'Ziler vum Wee2050:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …