Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

11.11.2015 70% géint d'Vereinfachung vum Sproochentest!

(comments: 0)

D'Land ass net averstanen mam neien Nationalitéitegesetz vum Här Braz.

Respektéiert d'Meenung vum Vollék!
Mir wëllen der Regierung an deenen aneren Parteien un d’Häerz leeën de Leit am Land nozelauschteren!

Mir sinn,
- guer net averstanen domat, datt een ouni Sproochentest kann Lëtzebuerger ginn no 8 Joer Residenz.
- dofir datt den „droit du sol“ nëmmen dann zielt wann och d’Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht ginn ass.
- dofir, datt een och weiderhin, am Fall vun engem Bestietnis, en Sproochentest am Lëtzebuergeschen muss packen.
- net averstanen mat de villen Ausnameregelungen, déi de Minister Braz proposéiert.
- net averstanen dass den Sproochentest soll vereinfacht ginn.

Mir sinn,
fir konkret Moossnamen, fir (a) den auslänneschen Matbierger et besser ze erméiglechen an (b) si och ze motivéieren d'Sprooch ze léieren. Am Gesetz misste Moossnamen dran sinn, déi et hinnen erlaben, Lëtzebuergesch besser, méi séier an méi bëlleg ze léieren. An dat kann och just an enger Gesellschaft passéieren, an där d'Lëtzebuerger Sprooch en méi héijen Stellewäert kritt.

http://www.rtl.lu/letzebuerg/731380.html

Read more …

20.10.2015 Mir wëllen mat eisen neie Lëtzebuerger Lëtzebuergesch schwätzen.

(comments: 0)

20.10.2015 Mir wëllen mat eisen neie Lëtzebuerger Lëtzebuergesch schwätzen.

Dofir: Nee zum neien Nationalitéitegesetz vum Minister Braz!

D'Konditiounen fir déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien sollen staark vereinfacht ginn: D'Sproochkenntnisser ginn entweder ofgeschaaft oder op esou en niddregen Niveau reduzéiert, dass eng Kommunikatioun op Lëtzebuergesch net méiglech ass.

Hei ass dat éischt Pechbild matt Ärem Sprooch, deen dir gewielt huet. Mell Iech fir Pechbiller an Flyer ze kréien an auszedeelen! (kontakt@nee2015.lu)

Mir brauchen Är Ënnerstëtzung!

Schreift Lieserbréiwer, zum Beispill fir an d'Wort (wort@wort.lu)

Sot den Politiker fein Är Meenung an weist hinnen dass dir net averstanen sidd, dass een kann Lëtzebuerger ginn ouni d'Sprooch ze verstoen.

Wann dir wëllt en Don maachen fir eis Aktioun ze ënnerstëtzen: http://nee2015.lu/index.php/spenden.html

Read more …