Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

14.9.2015 Mir mussen all de Kanner d'Chance ginn fir Lëtzebuergesch ze léieren.

(comments: 0)

D'Lëtzebuerger Sprooch ass déi gemeinsam Sprooch vun alle Lëtzebuerger an duerfir essentiell fir eng voll Integratioun an en gutt Zesummeliewen.

Mir mussen alle Kanner d'Chance ginn Lëtzebuergesch ze léieren well dann wäerten si och kënnen d'Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an dann kréien si och d'Wahlrecht fir d'Chamber.

An den staatlech ënnerstëtzten Crèchen soll onbedéngt Lëtzebuergesch geschwat ginn.

Méisproochegkeet ass ganz wichteg fir Lëtzebuerg mä leider gëtt d'Méisproochegkeet oft op déi franséisch Sprooch reduzéiert. Lëtzebuergesch an Däitsch sollten awer den selwechten Stellewäert hunn wéi dat Franséischt.

Read more …

15.8.2015 NEE, de Referendum war KEE Fehler!

(comments: 0)

 

De Ben Fayot seet am Interview mam Luxemburger Wort: "Das Referendum war ein großer Fehler."

Mir soen: "NEE, de Referendum war KEE Fehler! "

Et war gutt fir d'Vollek bei esou enger wichteger Saach ze froen an et ass gutt dass d'Meenung vum Vollek elo kloer ass!

Seelen waren d'Lëtzebuerger sech sou eeneg, seelen waren se sou däitlech der selwechter Meenung!

Et gëllt elo dat kloert Resultat ze respektéieren!

Fir déi Lëtzebuerger Chamber wielen d'Lëtzebuerger!

An d'Lëtzebuerger sinn déi, déi sech iwwert eng gemeinsam Sproch, d’Lëtzebuergescht, verstännegen!

 

http://www.wort.lu/de/politik/ex-lsap-fraktionschef-ben-fayot-das-referendum-war-ein-grosser-fehler-55cda4210c88b46a8ce5e594

Read more …

5.8.2015 D'Lëtzebuerger Sprooch ass de beschten Inetgratiounswee, besonnesch fir d'Kanner!

(comments: 0)

Ween Lëtzebuergesch schwätze kann, kann och d'Nationalitéit unhuelen an dann wiele goen!

Mir fuerderen dowéinst:

1) dass mer den auslänneschen Matbierger kloer maachen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.

2) Lëtzebuergesch muss an allen staatlech ënnerstëtzen Schoulen zu Lëtzebuerg, wéi de Lycée Vauban oder ISL (International School) och geléiert ginn.

Mir sinn dofir frou dass den Députéierten Laurent Zeimet een vun eisen Zieler thematiséiert.

An mir ënnerstëtzen dat natierlech voll a ganz!

https://csv.lu/2015/08/misst-net-an-alle-schoulen-zu-letzebuerg-also-och-an-deene-privaten-letzebuergesch-geleiert-ginn/

Read more …

3.8.2015 Géint eng Vereinfachung vum Nationalitéitegesetz mä fir eng besser Ënnerstëtzung fir déi Leit, déi wëllen Lëtzebuerger ginn!

(comments: 0)

"Jo.16" schreift an hirem Pressecommuniqué den 3. August:

"Während die Politik bei der Frage nach mehr politischer Partizipation der nichtluxemburgischen Mitbürger bereits alternative Wege vorbereitet, in erster Linie durch eine grundlegende Reform des Nationalitätengesetzes, so scheint die Frage einer tieferen, politischen Partizipation der Jugendlichen sträflich vernachlässigt zu werden."

Mir kritiséieren déi Attitude kloer: Si ass anti-demokratesch. D'Wieler hunn matt enger ganz grousser Majoritéit vun 80% géint déi dräi Proposen gestëmmt an domatt ass kloer wat d'Politik ze maachen huet.

Fir eng besser Partizipatioun vun den Auslänner fuerderen mir:

1. méi an och besser Sproochecoursen fir Lëtzebuergesch kënnen ze léieren,

2. eng méi staark Plaatz vum Lëtzebuergeschen am ëffentlechen Raum fir sou d'Auslänner och ze encouragéieren fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Dann kënnen si Lëtzebuerger ginn an och wielen goen!

Read more …

21.7.2015 Mir sinn d'Vollek a mir loossen eis net vun engem Nation-Branding diktéieren wee mir sinn!

(comments: 0)

Am Radio-Interview op RTL mam Francine Closener seet d'Journalistin vun RTL: "Do wier e positiivt Resultat beim Referendum a Saachen Auslännerwahlrecht natierlech en gutt Nation-Branding-Argument gewiescht"   - 80% waren net matt hir averstanen!!

Mir stinn zur Ausso vum Ex-Minister Jean Hamilius deen am Interview mat RTL, lescht Joer, en kloren Statement géint d'Auslännerwahlrecht gemaach huet: „Wëlle mer eng kosmopolitesch Sociétéit ginn an anere Wieder d'europäesch Sociétéit vu muer oder wëlle mer eng Natioun bleiwen. Ech sinn der Meenung dass Europa nach laang dominéiert gëtt vun nationale Gefiller an dass wann mir vun deenen aneren net méi als Natioun, als e Vollek betruecht ginn, dann fueren se mat ons Schlitt. Wann mer eng Associatioun avec But lucratif sinn, dat kenne mer ons net erlaben, ech sinn also dofir alles ze maachen dass mer eng Natioun bleiwen.“

Als Nation Branding vun Lëtzebuerg gesäit d'Regierung folgend 3 Beschreiwungen fir: zouverlässeg, dynamesch, oppen. Dat ass Wischi-Waschi.

Mir definéieren Eis duerch eis Sprooch a Kultur déi aus eisen Traditiounen, eiser Literatur eiser Musek, eiser Architektur an eiser Konscht am Allgemengen besteet. An dorop kënnen mir als klengt Lëtzebuerger Land roueg houfreg sinn. Multikulturalimus bedeit just Parallelgesellschaften. Lëtzebuerg soll weider en "Melting Pot" sinn wou déi auslännesch Matbierger an hir Kanner sech integréieren, iwwert d'Sprooch an dann d'Nationalitéit!

Read more …