Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

5.6.2015 Nee Merci zur Verwässerung vun der Nationalitéit

(comments: 0)

Jo zur Vereinfachung vun de Prozeduren, Nee Merci zur Verwässerung vun der Nationalitéit.

D'Campagne vum Referendum huet kloer gewisen dass e groussen Deel vun de Lëtzebuerger géint d'Auslännerwahlrecht ass an och géint eng Verwässerung vun der Nationalitéit, zemools bei de Sproochekenntnisser.

Mir se besuergt dass d'CSV dem Drock vun de Regierungsparteien an och intern noginn muss an de Wëllen vun ganz villen Wieler net verteidegen kann. Dat muss verhënnert ginn!

Mir sinn domat averstanen dass d'Prozedur fir d'Nationalitéit ze kréien, sou wéi och ganz vill aner staatlech Prozeduren, vereinfacht muss ginn. Dat ass gesonden Mënscheverstand, wou parteiiwwergräifend en Konsens misst do sinn. Komm mir maachen dat zesummen!

Wou mir awer ganz kloer dergéint sinn ass, dass d'Auslännerwahlrecht duerch déi hënnescht Dir agefouert gëtt andeems d'Nationalitéit komplett verwässert gëtt an déi schonn niddreg Sproochekenntnisser nach reduzéiert ginn. Do soen mir ganz kloer: Nee Merci!

Mä mir soen Jo zu Moossnahmen wou d'Lëtzebuerger Sprooch méi eng Prominenz an der Ëffentlechkeet kritt. Zum Beispill: Lëtzebuergesch op Gemengenwebsäiten (och däitsch an englesch) oder Stroosseschëlder op Lëtzebuergesch. Dat sinn positiv Moossnahmen déi kengem wéidinn. A virun allem eng méi grouss an eng besser Offer un Sproochecoursen an eng Verbesserung vum "congé linguistique".

Mir mussen dat maachen wat vill Auslänner eis soen: Dir musst Är Sprooch weisen, soss weess keen wéi wichteg se fir Iech ass!

Read more …

3.6.2015 Ass dat Argument mat den "Steieren bezuelen" valabel?

(comments: 0)

3.6.2015 Ass dat Argument mat den "Steieren bezuelen" valabel?
Auslännesch Bierger bezuelen Steieren zu Lëtzebuerg, missten si dann net och en Recht hunn fir bei Nationalwahlen matzemaachen?

NEE, an deem Sënn dierften jo nëmmen nach déi Leit wielen déi hei am Land Steieren bezuelen.
All déi Leit, Lëtzebuerger oder net, mat klengen Paien, Aarbechtsloser, Hausfraen, Studenten an déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen etc, kéinten dann jo net méi wielen.

An dann hätten mer erëm en Wahlsystem wéi virun 1919: Den sougenannten „suffrage censitaire“ bei deem just déi räich Leit konnte wielen goen, déi och genuch Steieren bezuelt hunn.

Ausserdeem missten dann jo och hei Frontalieren wielen kënnen wann se Steieren bezuelen an och zum Beispill en Associé vun enger lëtzebuergescher Entreprise, deen ausserhalb vun Lëtzebuerg iergendwou op der Welt wunnt an awer hei Steieren bezilt.

E Wahlrecht dierf ni gebonnen sinn un den economeschen Wäert deen eng Persoun leescht.
 

Read more …

31.5.2015 De Xavier Bettel ass isoléiert an Europa mam Auslännerwahlrecht. Gleeft en och net méi richteg un en Jo am Referendum?

(comments: 0)

Déi Fro kann een sech stellen wann een liest wat de Xavier Bettel der dpa gesot huet: "Im Moment haben wir mit dem Referendum schon gewonnen, egal was das Resultat ist" 

Hien bestätegt och dass Lëtzebuerg alleng an Europa wär mam Auslännerwahlrecht: "Er sei überzeugt, dass Luxemburg der Debatte innerhalb der EU über das nationale Ausländerwahlrecht «einen Kick geben» könne. Verschiedene Länder seien allerdings dafür noch «nicht reif»."

 Mir erënneren eis och un d'Wierder vum Viviane Reding: "Wat ass d'Meenung vun deenen aneren Länner zu dem Virstouss vun Lëtzebuerg fir en Wahlrecht fir Auslänner??
- Déi froen sech all wat dat soll. Et gëtt keen, deen op de Wee vun eiser Regierung wëll goen."

 An un d'Resolutioun vum Parlament vum Conseil d’Europe déi seet an d’Wahlrecht soll un d’Nationalitéit gekoppelt sinn: "Compte tenu du conflit de loyauté possible entre le pays dont une personne est citoyenne et son pays de résidence, le droit de vote et d’éligibilité aux élections nationales (parlementaires ou présidentielles) devrait généralement être SUBORDONNÉE À LA NATIONALITÉ"

http://www.lessentiel.lu/de/news/dossier/referendum2015/story/Haben-mit-Referendum-schon-gewonnen--21306833

Read more …