Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

5.10.2018 en eenheetleche Schoulsystem op lëtzebuergesch

(comments: 0)

Fir eis Gesellschaft net ze splécken muss et nees en eenheetleche Schoulsystem op lëtzebuergesch ginn

https://www.youtube.com/watch?v=eR5RIYwn-Vk

De SCHOULPROGRAMM fir d'Wahlen 2018 wéi en am Luxemburger Wort presentéiert gouf:

• Die ADR hält am Modell der Mehrsprachigkeit fest, misst aber dem Erwerb und dem Gebrauch der Luxemburger Sprache einen hohen Stellenwert bei. Zuwandererkinder sollen bei ihrer Ankunft sprachlich für das hiesige Bildungssystem fit gemacht werden. Die Partei möchte das Luxemburgische als Umgangssprache in den Betreuungseinrichtungen und im Précoce stärken.

• Die ADR möchte in der Grundschule wieder zum Klassensystem (1. bis 6. Schuljahr), zum Notenzeugnis und zum Aufnahmeexamen zurückkehren. Das Kompensieren im Secondaire soll auf ein Fach begrenzt werden.

• In der Grundschule möchte die ADR überdies das Inspektorat wieder einführen und den administrativen Aufwand verringern. Die Aufgaben des Schulkomitees sollen von den Regionaldirektionen übernommen werden, damit die Lehrer wieder mehr Zeit für den Unterricht haben.

• Die ADR möchte auch die Wahlfreiheit zwischen Religions- und Werteunterricht wieder einführen.

• Den Kleinkindbereich (Null bis vier Jahre) möchte die ADR wieder ins Familienministerium auslagern.

• Die ADR ist gegen die französischsprachige Frühförderung. Das betrifft auch die Früherziehung (Précoce). Dort soll Luxemburgisch die einzige Umgangssprache sein.

• Im Classique möchte die ADR eine Wochenstunde Luxemburgisch auf allen Sektionen einführen. Auf der Sprachensektion (A) soll Luxemburgisch ein Optionsfach werden.

• Erwachsene unter 25 Jahren, die die Schule der zweiten Chance (E2C) besuchen, sollen bei hoher Leistungsbereitschaft ein Anrecht auf das soziale Inklusionseinkommen (Revis) haben.

Read more …

27.9.2018 De Referendum war eng gutt Saach!

(comments: 0)

D’Lëtzebuerger hunn sech net aschüchteren gelooss vun der massiver a coordinéierter Jo-Campagne vun der Regierung, vum groussen Patronat, vun de Spëtzten vun de Gewerkschaften, vun Deeler vun de Medien, vun der Kierch, vun selwerernannten Eliten vun der Jo-Campagne an vun Gruppen vun Konschtschafenden.

Mir vum Nee2015 haten de Courage dem Nee eng staark a kloer Stëmm ze ginn an domat hu mir dat gesot, wat eng kloer Majoritéit vun de Lëtzebuerger denkt! Leit aus allen Deeler vun der Gesellschaft hunn eis ënnerstëtzt an eis Merci gesot, well si net an d’Ëffentlechkeet wollten goen matt hirer Meenung.

Et ass en groussen Moment fir déi Lëtzebuerger Demokratie, wou d’Wieler gewisen hunn, dass si onofhängeg an couragéiert hier Meenung ausdrécken matt hirer Stëmm. D'Land ass net gespléckt! Ganz seelen waren d'Lëtzebuerger sech esou eens op enger Fro.

Mir sinn déi politesch Mëtt an net déi, déi eis de Jo als politesch Mett verkafen wollten!

Politik muss matt de Leit gemaach ginn. Et soll hinnen nogelauschtert ginn a net iwwer d’Leit ewech decidéiert ginn.
Dofir kämpfen mir weider!

Aus dem Nee2015 gouf den Wee2050!
An haut gi mir an d'Chamberwahlen op der Lëscht vun der ADR.

Read more …

25.9.2018 Dem Claude Meisch seng international Schoulen sinn GÉINT d’Integratioun!

(comments: 0)

"Déi international Schoulen als Integratiounsschoulen duerzestellen ass komplett falsch. Do ass Lëtzebuergesch als Alibi genotzt ginn, fir déi Schoulen ze verkafen a fir datt d'Leit se acceptéieren."

seet d'Shari Schenten, Presidentin vun der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren.

Mir hunn et schonn virun 3 Joer gesot:

"Ähnlech Problemer kommen lo beim Lycée vun Déifferdeng. Déi Kanner, déi zu Déifferdeng an den internationalen Lycée ginn mussen keen Däitsch léieren an och Lëtzebuergesch riskéiert éischter rudimentär geléiert ze ginn.

Doduerch gëtt de Kanner vun vireran d'Integratioun hei zu Lëtzebuerg verbaut:

- Si wäerten an enger Parallelgesellschaft opwuessen am Géigesaz zu deene Schüler déi am ëffentlechen Lëtzebuerger Schoulsystem sinn.
- Si wäerten et eventuell schwéier kréien fir eng Kéier déi Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien.
- Si wäerten vun vireran eng ageschränkten Beruffswiel hunn ouni Accès op d'Fonction publique an Beruffer wéi z. B. Léierin oder Polizist, sou wéi och vill aner Plazen wou een hei zu Lëtzebuerg déi 3 administrativ Sproochen muss beherrschen.

Dat ass en System vun Exklusioun an hei gëtt, mëttelfristeg, eng Zwouklassegesellschaft geschaf an dat ganzt institutionaliséiert duerch d'Schoul.

Mir sinn fir d'Inclusioun, Integratioun an Chancëgerechtegkeet an dofir soen mir:

- De lëtzebuergeschen Schoulsystem muss als beschten Integratiounswee promovéiert ginn.
- Den auslänneschen Matbierger solle mer éierlech soen dass hir Kanner nëmmen a lëtzebuergeschen Schoulen voll integréiert ginn.
- Lëtzebuergesch an Däitsch sinn net manner wäert wéi franséisch a mussen genausou wéi franséisch an allen staatlech ënnerstëtzte Schoulen zu Lëtzebuerg geléiert ginn.
Fir d’Integratioun a géint Parallelgesellschaften an sozial Ausgrenzung!

Read more …

19.9.2018 Fuerdert d'ASTI indirekt d'Ofschafe vum Walrecht fir Lëtzebuerger déi am Grenzgebitt wunnen?

(comments: 0)

Fuerdert d'ASTI indirekt d'Ofschafe vum Walrecht fir Lëtzebuerger déi am Grenzgebitt wunnen?

Dat schreift d'ASTI an hirem Pressecommuniqué vum 18. September 2018:

"l’établissement d’un vrai suffrage universel en institutionnalisant le principe du droit de vote selon la résidence et non pas selon la nationalité."

a geet domat méi wäit wéi d'Propose vum Auslännerwalrecht iwwer déi 2015 am Referendum ofgestëmmt gouf, an déi vun iwwer 78% vun de Wahlberechtegte refuséiert gouf. Deemools ass e Walrecht dat zousätzlech zu der Nationalitéit och op der Residence baséiert, geplangt ginn.

Well d'ASTI, wéi schonns am Referendum 2015, keng europäesch Léisung plangt, géif déi reng national Propose dozou féireren, datt Lëtzebuerger déi wéinst de Wunnengspräisser gezwonge goufen am Grenzgebitt ze wunnen, a kengem Land op der Welt méi wielen dierften.

Schonns 2015 hu Kritiker vum AWR gewarnt datt dat schlussendlech déi logesch d'Konsequenz wier an a Länner wéi Neiséiland och esou praktizéiert gëtt.

http://www.asti.lu/fr/elections-legislatives-2018-la-course-au-meilleur-patriote-communique-de-lasti/

Read more …