Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

9.1.2017 Här Fernand Fehlen, Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels.

(comments: 0)

9.1.2017 Här Fernand Fehlen, Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels.

Ween huet dem Här Fehlen gesot en soll net méi diskutéieren?

Wëlle munch Leit a Politiker keng oppen Debatt?

Froen an Argumenter vu Bierger si keen dommt Gebraddels. Si sinn wichteg fir déi politesch Diskussioun.

Duerfir fuerdere mir de F. Fehlen an anerer op, sech den Argumenter a Perspektiven vu jidderengem ze stellen.
Vu que dass en sech esouvill Méi mécht seng Interpretatioun zur Sproochesituatioun ze kommunizéieren, huet en all Interêt drun sech aneren Interpretatiounen ze stellen an ze reflektéieren.

D'Sprooch läit de Lëtzebuerger um Häerz, dat huet d'Rekordzuel un Ënnerschrëfte bei der Petitioun N°698 gewisen.

D'Lëtzebuerger wëlle keng Vogel-Strauß-Politik wou d'Politik bei Problemer de Kapp an de Buedem stécht fir se net mussen ze gesinn.

An dofir wäert d'Sprooch och een Haaptthema sinn am Wahlkampf 2018.
N'en déplaise a certains!

P.S. De F. Fehlen mécht net nëmme Fuerschung mee politeschen Aktivismus: hie wëll "Le luxembourgeois est la langue du Luxembourg." änneren an: "Le français et le luxembourgeois sont les langues du Luxembourg." (an der neier Verfassung)

Read more …

6.1.2017 Schluss mam Kuddelmuddel! Lëtzebuergesch muss déi gemeinsam Integratiounssprooch sinn

(comments: 0)

Ganz ganz wichteg: Déi nei Regierung muss d'Gesetz ännere fir datt just nach Lëtzebuergesch an de Crèchen obligatoresch ass.

Aner Sproochen kann all Crèche da selwer wielen.

"Bessere, oder, anders ausgedrückt, identische Startchancen für jedermann in einem mehrsprachigen Umfeld bedeuten also nach der Meisch'schen Logik, dass künftig alle Kinder eine Tagesstätte besuchen müssen, ansonsten sie bei der Einführung des Französischen als Schulfach auf unterschiedlich gearteten sprachlichen Fundamenten aufbauen. Dass dies offenbar der Wille der Regierung unter Premier Bettel ist, dafür spricht die Finanzierung von 20 Betreuungsstunden pro Kind und Woche durch den Staat."
Luxemburger Wort vom Samstag, 6. Januar 2018, Seite 3
Leitartikel vum Claude Feyereisen

D'Ziler vum Wee2050:
Eist Zil 3.3.:
3.3. An de staatlech ënnerstëtzte Crèchen muss Lëtzebuergesch geschwat ginn.
All eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

5.1.2018 Nee zum 700.000-Awunnerstaat

5.1.2018 Nee zum 700.000-Awunnerstaat

"Ein solcher Kollateralschaden ist das angeblich unabdingbare Zusteuern auf einen Staat mit 700.000 Einwohnern. Das aber will keiner- auch nicht der Autor dieses Buches, weil die Lebensqualität (und nicht der Lebensstandard) hierzulande nachhaltig gefährdet wird, wenn Luxemburg zu einem 700.000-Einwohnerstaat wird."

Aus dem Buch "Welche Zukunft für Luxemburg" vum Romain Kirt (ëm d'Joer 2002)

Read more …

28.12.2017 “Luxembourgish, traditionally just spoken at home” ????

(comments: 0)

Sou schreift eng Journalistin an der englescher Zeitung "The Guardian" an hierem Artikel iwwert d'lëtzebuerger Sprooch.
 
Do gëtt behaapt: "D'Lëtzebuergescht gëtt traditionell just doheem geschwat."

Et ass jo schéin, wann eng englesch Zeitung iwwert eis Sprooch schreift,
awer dee Saz hätte se sech kéinte spueren.
Mir erënneren drun, dass d'UNESCO d'Sprooch als "vulnerable" astuuft.
 
Weider Feeler am Artikel:
 
- D'Lëtzebuerger Sprooch erlieft anscheinend eng Renaissance
- Entgéint deem wat behaapt gëtt, ginn et keng offiziell Sproochen zu Lëtzebuerg
- Anscheinend wäerten d'Kanner vun elo un Theater op Lëtzebuergesch spillen dierfen.
- 2015-2016 solle just 134 Bicher zu Lëtzebuerg erauskomm sinn an dovun 7% op Lëtzebuergesch ( dat wieren dann 9,38 Bicher)
 
https://www.theguardian.com/world/2017/dec/28/luxembourgish-grand-duchys-native-language-enjoys-renaissance

Read more …

27.12.2017 Mol keng 3 Joer nom 80%: De Minister Braz (Déi Gréng) wëll d'Auslännerwahlrecht.

(comments: 0)


Kënnt d'Auslännerwahlrecht mat enger neier Regierung mat de Gréngen?

Zu Lëtzebuerg ginn d'Resultater vun engem Referendum ëmmer respektéiert an net méi diskutéiert.
Här Braz, respektéiert och Dir w.e.g. d'Resultat vum Referendum 2015!

Zu Lëtzebuerg goufen et bis elo 4 Referendumen an eng Personenstandsaufnahme:

- 1919 waren 80% fir d'Monarchie
- 1937 waren 50,67% géint d'„Gesetz zum Schutz der politischen und sozialen Ordnung“
- 1941 hunn iwwer 90% mat "Lëtzebuergesch" geäntwert op d'Froen no Nationalitéit, Mammesprooch a Volkszugehörigkeit
- 2005 waren 56,52% fir d'Verfassung vun der EU
- 2015....

"Hie bleift bei senger Positioun, datt een (...) e Wahlrecht fir Residente (sic) brauch"
https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/drai-mol-mei-leit-hunn-dei-letzebuerger-nationaliteit-ugefrot

Read more …