31.08.2018 Haut virun 76 Joer hunn d'Lëtzebuerger sech an engem kollektiven Resistenzakt géint d'Nazien gewiert
Den 31. August 1942 koum et zu Lëtzebuerg zu engem Generalstreik vum ganze Vollek.
De Grond war d'Ukënnegung vum däitschen Nazibesatzer fir d'Zwangsrekrutéierung fir d'Lëtzebuerger an déi däitsch Wehrmacht anzeféieren.
Viséiert waren all d'Jongen zwëscht 18 an 22 Joer, also d'Joergäng 1920 bis 1924. (spéider och nach bis 1927).
D'Resistenz vun engem klenge Vollek géint den iwwermächtege Besatzer huet an der ganzer Welt Bewonnerung ervirgeruff.
D'Nazien ware blaméiert an si hunn mat aller Gewalt zereckgeschloen: 21 Lëtzebuerger goufen direkt erschoss, vill koumen a Konzentratiounslager.
Duerch de Generalstreik hunn d'"Preisen" sech net méi getraut fir och nach déi aner Joergäng anzeruffen. (Zum Verglach: Am Elsass sinn d'Joergäng vun 1907 bis 1927 ageruff ginn)
An der "Märtyrerstadt" Wolz, wou de Streik ugefaangen hat, erënnert nach haut dëst Monument un de Streik vun 1942.
Duerch d'Zwangsrekrutéierung sinn 2.848 Lëtzebuerger gestuerwen.
Am Ganzen kruten 4.400 Lëtzebuerger den Titel "mort pour la patrie". Ënnert hinnen eben déi 2.848 verstuerwen Zwangsrekrutéiert, dann nach ronn 600 Persounen, déi duerch Krichshandlungen gestuerwen sinn an ronn 800, déi an de Lager oder Prisongen gestuerwen sinn.