Déi neiste Bäitreeg op dësem Site:

News

30.3.2018 1-Millioun-Awunner-Staat? NEE MERCI!

(comments: 0)

Eis Aktioune wierken! D'CSV an anerer schléissen sech eis un beim Wuesstem. Mee mengen si et eescht?

Am August 2015 hu mir eis zum Zil gesat den onkontrolléierte Wuesstem zum ëffentlechen Thema ze maachen.

Deemools huet nach keen doriwwer geschwat.

Haut, bal 3 Joer duerno, ass den onkontrolléierte Wuesstem ee vun de Wahlkampfthemen. Hei ass eisen Artikel deen deemools d'Diskussioun richteg un d'Rulle bruecht huet.

Mir sinn houfreg dorop a mir maache weider.

Fir en verantwortungsvolle Wuesstem.

1-Millioun-Awunner-Staat? NEE MERCI!

Eis Ziler:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

29.3.2018 “Xavier Bettel et Etienne Schneider sont encore trop jeunes, ils ne connaissent pas assez la mentalité du pays.”

(comments: 0)

“Xavier Bettel et Etienne Schneider sont encore trop jeunes, ils ne connaissent pas assez la mentalité du pays.”
Aus engem Interview mam Simone Beissel (DP)

Sou stoung et den 26.3. nach bei wort.lu

...an du war dee Saz vun engem Dag op deen aneren aus dem Interview am Wort verschwonnen...

https://www.wort.lu/fr/luxembourg/simone-beissel-nous-sommes-arrives-a-un-point-de-non-retour-avec-les-frontaliers-5aa1616dc1097cee25b83d6a

An der Luxembourg Times hunn se et stoen gelooss:
"SCHNEIDER, BETTEL 'DON'T KNOW' LUXEMBOURG'S MENTALITY YET"

https://luxtimes.lu/luxembourg/33273-schneider-bettel-don-t-know-luxembourg-s-mentality-yet

Read more …

16.3.2018 Mellt Iech a kämpft mat eis!

(comments: 0)

Wann Dir Iech fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir eng richteg Méisproochegkeet) a géint den onkontrolléierte Wuesstem mat asetze wëllt, dann zéckt net a kämpft mat eis! Mellt Iech bei eis mat enger PN oder Mail: kontakt@wee2050.lu

Am Mäerz 2015 hate mir eis als NEE2015 gegrënnt, fir och dem Nee an der Campagne fir de Referendum eng Stëmm ze ginn.

Elo gi mir e Schratt weider! Mir kënne bei de Chamberwalen nëmmen da mat schwätzen, wa mir bei de Parteien e Partner hunn. Duerfir hu mir eng Invitatioun acceptéiert fir Kandidate vum Wee2050 op d'ADR-Lëscht ze schécken. Mir kënnen der maximal 8 proposéieren.

Mir bleiwen awer eng Beweegung, déi fir Leit vu verschiddene politeschen Iwwerzeegungen oppen ass, déi mat eis d'Ziler iwwer Sprooch a Wuesstem deelen. De Wee2050 mécht nëmme Walkampf fir seng Ziler, eis Kandidaten och fir d'ADR-Lëscht.

Hei sinn eis Ziler:
http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …

12.3.2018 Fir d'LSAP si mir e frankophont Land. A si wëllen näischt fir d'Sprooch maachen.

(comments: 0)

Den Yves Cruchten, Generalsekretär an Deputéierten vun der LSAP seet am Wort-Interview:

"est-ce que ça pose vraiment problème de ne pas parler luxembourgeois dans un commerce? Arrêtons le "français bashing", nous sommes un pays francophone"

"On prend assez d'initiatives pour promouvoir la langue luxembourgeoise, y compris auprès des Luxembourgeois pour mieux l'écrire, mais à mon avis, ça doit s'arrêter là."

https://www.wort.lu/fr/luxembourg/yves-cruchten-arretons-le-francais-bashing-nous-sommes-un-pays-francophone-5a8c3fd6c1097cee25b7e704

Mir erënneren drun, dass de Franz Fayot an de Ben Fayot an d'Mady Delvaux vun der LSAP sech och negativ geäussert hunn.

Mir vum WEE2050 setzen eis fir d'Lëtzebuerger Sprooch (a fir eng richteg Méisproochegkeet) an! Och fir d'Chamberwahlen 2018!

Hei sinn eis Ziler: http://wee2050.lu/index.php/wee-2050.html

Read more …