21.6.2019 RTL MAACHT W.E.G. E FAIREN DEBAT!
RTL MAACHT W.E.G. E FAIREN DEBAT!
Muer RTL Background um Radio.
Mir si fir en ausgeglachenen Debat, wou och déi 80% vum Nee vertruede sinn.
3 vun 4 Invitée si politesch Aktivisten, déi 2015 Propaganda fir d'Auslännerwalrecht gemaach hunn. Si sinn wäit ewech vun der politescher Mëtt. Et sinn dat d'Asti-Ënnerstëtzer Fehlen a Pauly, an den Athanase Popov vun der Asti.
SI WÄERTE SOEN:
Datt et keng Lëtzebuerger Identitéit gëtt an eigentlech nach ni ginn ass.
Datt d'Zukunft schéi 'multikulti' ass, ouni ze definéiere wat 'multikulti' iwwerhaapt ass.
Datt de Groussherzog keng Roll méi spillt. An d'Kierch och net.
Datt d'CSV sech mol endlech och moderniséiere misst.
Datt de Referendum e Feeler war, net gutt preparéiert war, an datt d'Auslännerwalrecht komme muss.
Datt zu der Lëtzebuerger Natioun all 620.000 Awunner gehéieren, egal wéi eng Nationalitéit si hunn.
Datt nach ni esou vill Lëtzebuergesch geschwat ginn ass wéi haut.
Schlussendlech, datt béis Populisten um Stammdësch an um Internet ze domm sinn, fir dat anzegesinn, an ze bornéiert sinn, fir dat flott ze fannen.
De Journalist wäert hinnen an all deem Recht ginn.
SI WÄERTEN NET SOEN:
Datt et am Ganzen 370.000 Lëtzebuerger ginn.
Datt dovun 50.000 am Ausland wunnen a mol kee passiivt Wahlrecht hunn!!
Datt viru 70 Joer hei am Land bal nëmmen Lëtzebuergesch geschwat ginn ass.
Datt Lëtzebuergesch ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt gëtt.