13.12.2017 Den Här Fayot ass realitéitsfriem.
A senger "Carte Blanche" op RTL Radio vum 11.12.2017 rifft de Ben Fayot quasi zum Verhënnere vu Moossname fir eis Sprooch op, déi vun der Regierung beschloss gi sinn, also
och vu senger eegener Partei, der LSAP.
D'Liewensrealitéit gesäit awer sou aus, dass d’Lëtzebuergescht deene meeschte Leit um Häerz läit. D'Leit mierken, dass iwwert déi lescht Jore Lëtzebuergesch ëmmer méi aus dem Alldag verdrängt gëtt, wéi mir och kloer mat enger Grafik weise kënnen (hei ënnendrënner).
Mir zitéieren och de Sproochenexpert Alain Atten, deen den 23.3.2016 um RTL Radio gemengt huet, datt eis Sprooch ausstierwe wäert, well prozentual gesinn ëmmer manner Leit
Lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn: "Et ass ganz einfach eng Mathematik, wann et ëm 70% Friemer geet an ëm 30% Lëtzebuerger (dat ass de Fall an der Gemeng Lëtzebuerg), da kann een net soen dass Lëtzebuergesch sech duerchsetzt. Dat wier nu ganz onwahrscheinlech.”
Den Här Fayot schéngt och net informéiert ze sinn iwwert den offizielle Status, deen eis Sprooch bei den onofhängegen Experte vun der UNESCO huet, nämlech "vulnerable". Dat
ass den éischte Schrëtt fir dass eng Sprooch laangfristeg ausstierft, sou wéi et am Areler Land geschitt ass oder, zum Beispill, aktuell mam Elsässeschen.
Déi Etüd vun der UNESCO ass genau déi sachlech Diskussioun ouni Afloss vu Politik, déi den Här Fayot dach fuerdert!
Mir fannen iwwregens och net, dass déi vun der Regierung beschlosse Moossnamen déi effektiivste sinn, mee et ass e Schrëtt an déi richteg Richtung.
Zum Schluss vu senger "Carte blanche" wënscht den Här Fayot sech dann awer, dass Lëtzebuergesch sech duerchsetzt.
Wou, wéini a wéi soll dat dann nach geschéien, ouni politesch Ënnerstëtzung?
d’Initiativ Wee2050
Mail: kontakt@wee2050.lu
Wee2050
Pressecommuniqué 12.12.2017
http://download.rtl.lu/2017/12/12/5db6581055c6a00dbbed46af0a9fda63.pdf
Den Artikel op rtl.lu